Et gëtt eng Zäit fir alles. Och fir de Wues unzeséien. Mä ass et elo schonn ze spéit, ass et nach ze fréi, oder hu mer grad elo de richtegen Ament well d'Sonn sech jo déi lescht Deeg awer ëmmer nees gewisen huet, och wann d'Nuechten schonn méi spatz sinn? Eisen Expert a Saachen Wues, de Jeannot Lacour weess op et elo nach geet.

d'Äntwert vum Expert ass ëmmer Jein. Séinen ass am Moment net méi ze maachen. D'Nuechten sinn einfach ze kal. De Som keimt net méi. De Buedem erwiermt sech net méi genuch mat deenen Temperaturen déi mer an den Nuechten hunn. Mir haten schonn liichten Frascht an der Nuecht. En plus déi Sonn déi mer am Dag hunn, dat sinn net genuch Sonnestonnen fir de Buedem ze erhëtzen fir dass de Som keimt. Elo sollt een keen Wues uséien, well dat ass verlueren Zäit a just d'Villercher hunn eppes dervun. 

16-10-2021 Gaardentipps Jeannot Lacour - Kann een elo nach Wues séien

Wann een d'Ursaachen bis kennt versteet een vläicht besser firwat een de richtegen Zäitpunkt fir Wues ze séien verpasst huet.

Déi ideal Period ass ëmmer ganz fréi am Fréijoer, wann d'Wieder et erlaabt. Do ass et ëmmer eng Lotterie. T'muss éischtens schonn dréchen sinn, fir kënnen de Buedem riicht ze zéien. An dono muss natierlech e bësschen Fiichtegkeet do sinn, well nätzen eleng geet net duer, well soss verdonst dat Waasser méi séier am Buedem, wéi dass et am Buedem bleift. A wann een nätzt, geet déi Fiichtegkeet, also dat Waasser net sou déif an de Buedem eran, fir dass et permanent do fiicht ass.

16-10-2021 Gaardentipps Jeannot Lacour - déi ideal Period fir Wues ze séien