De Moien geet et ëm d'Fluchen. Ass dat eent béist Wuert méi deier wéi dat anert wann een engem et an de Kapp gehäit an et gëtt ee verklot? Den Affekot Jean-Jacques Schonckert steet och zu deem Sujet Ried an Äntwert.

19/10/2021 Mir froen den Affekot

Wéini schwätzt ee vun enger Beleidegung?
Jean-Jacques Schonkert: Eng Beleidegung ass en Akt, sief dat mëndlech oder schrëftlech an deem ech eppes ausdrécken, wat d'Éier vun der anerer Persoun verletzt. Dat kënne Wierder, Biller, Gesten asw. sinn. Et kënnt drop u wat gesot gëtt. Deen, dee gesot huet, dréit d'Verantwortung fir dat wat e seet, mee déi aner Persoun dréit och d'Verantwortung fir dat wat e versteet. Deen ee ka sech vun Iesel beleidegt fillen, deen anere vläicht net.

Dierf all Mënsch een aneren wéinst Beleidegung usichen?
Jean-Jacques Schonkert: De Prinzip ass, et duerf just een een usichen, dee sech beleidegt fillt. Wann ee vernannt gëtt an déi Persoun fënnt dat net esou schlëmm, da kënnt Dir awer keng Plainte a senger Plaz maachen. Deem, deem seng Éier verletzt gouf, dee muss ee scho selwer usichen.

Si veschidde Wierder méi schlëmm wéi anerer?
Jean-Jacques Schonkert: Wéi eng Wierder méi schlëmm sinn a wéi eng net ass éischter Usiichtssaach, et geet éischter drëms, wéi prezis d'Beleidegung ass. Wann ee seet "Du bass e Blani, wéinst hei an do" da gëtt dat méi deier. Wéi eng eenzel Wierder méi schlëmm sinn oder net, ass subjektiv. Et gëtt keng objektiv Beleidegung. Et muss een ëmmer de Kontext kucken. En Arbitter kéint eng gutt Zëmmche kréien, wann hien alleguerten, déi en um Fussballterrain beleidege uweise géif. An enger hëtzeger Diskussioun kënnen engem och emol Wierder erausrutschen, déi een da bereit an déi net esou gemengt waren am Endeffekt, dat wollt een net express maachen, dat wëll dann awer nach näischt heeschen.

Eng Persoun an Uniform beleidegen ass méi schlëmm, wéi enger "normal"?
Jean-Jacques Schonkert: Dat ass souzesoen en Upgrade. Dat wier net méi en Injure, dat wier en Outrage à agent, d'Beamtebeleidegung. Et muss awer och sinn, dass de Pechert oder de Polizist am Déngscht muss sinn an et muss e Manktem u Respekt gewise sinn, fir dass et dat ass. Et muss och kee mat enger Uniform sinn, et kann och einfach ee sinn, deen eng fonction publique huet, z.B. e Professer, e Schoulmeeschter.

Wéi vill kann dann esou eng Beleidegung kaschten?
Jean-Jacques Schonkert: Huele mer en Déierennumm als Beispill, dat kascht Maximum 250 Euro. Wann Dir doriwwer erausgeet, da geet dat erop bis op 5000 Euro a 6 Méint bis 3 Joer Prisong. Et soll ee sech dat ganzt also 3 Mol iwwerleeën. Ech menge, mir liewen an enger ziviliséierter Gesellschaft, do sollt ee sech och deementspriechend behuelen.