Mir sinn an der däischter Joreszäit a wann de Weekend an enger Woch d'Aueren no hannen geréckelt ginn, gëtt et owes nach méi fréi däischter. Dorunner muss ee sech mol gewinnen an och säi Verhalen am Verkéier adaptéieren.

19/10/2021 Am Hierscht sécher op der Strooss ënnerwee

An do ass virun allem mol eng gutt Siicht wichteg. Wann d'Sonn niddreg steet an an engem bestëmmte Wénkel an den Auto eraschéngt oder wann de Géigeverkéier ee blent, kann et nämlech geféierlech ginn. Do ass et da wichteg dass d'Fënster propper ass. De Lex Friedrich vum Automobile Club:

"Wann d’Fënster net propper ass, Sträifen, Stëbs, Fangerofdréck, Oflagerungen vum Zigarettendamp asw drop sinn, da gëtt den Effekt vum Verblend ginn nach verstäerkt - dofir regelméisseg botzen. Wéi maache mir dat am beschten? Fir d’éischt en Handduch op d’Amature leeën fir dass hei keng Waasserflécken entstinn, dann Fënster mat engem naassen Duch ofmaachen fir dee graffe Knascht erof ze kréien. Duerno e Glasreiniger huelen, ech huelen do deen deen ech doheem och benotzen. Dësen op e mëllt Duch sprëtzen an d’Fënster botzen (kee Spullmëttel)"

A well mer dat jo ganz genee wëlle maachen, vergiesse mer d'Ecken net.

"Fir an d’Ecken ze kommen wéckelen ech d’Duch em e Kachleffel. Duerno fir de Feinschliff : d‘Fënster mat Zeitungspabeier ofmaachen, sou geet de Glareiniger erëm erof. Wann ee lo ënnerwee ass a botze muss, da gehéiert e Schwamm resp. Schwamm mat Fënsterlieder an d’Hänschekëscht"

Sech ze hëllefen wëssen sollt een och wa Wëld iwwer d'Strooss leeft. De Laurent Lentz, Direkter vun der Police de la Route erklärt.

"Et soll een op kee Fall probéieren brüsk Lenkmanöver ze maachen einfach fir ze verhënneren, dass ee selwer d'Kontroll iwwer d'Gefier verléiert an dann an e Bam rennt. Et ass besser eng Vollbrems ze maachen an dann hoffentlech virum Déier stoen ze bleiwen."

Dobaussen ass et naass, fiicht an dréif, d'Stroosse si schmiereg. Ee wichtegen Appell geet och un d'Foussgänger. Et soll ee siichtbar sinn, hell Kleedung droen, Reflektoren oder Gileten.

"Et soll een och oppassen wann een iwwer d'Strooss geet, wann et däischter ass an naass, den Autoschauffer kann een net sou gutt gesinn. Den Autochauffer deemno wéi gesäit de Foussgänger nëmmen op Plazen déi beliicht sinn. Dat heescht, wann een op enger Plaz iwwer d'Strooss geet wou keng Luucht ass, kann den Autofuerer een deemno wéi guer net gesinn. Dat heescht, et ass ëmmer besser ob den Zebrasträifen zeréckzegräifen, déi si meeschtens beliicht, an do dann och waarden bis den Auto ee wierklech gesinn huet a stoe bliwwen ass fir iwwer d'Strooss ze goen."

Ass d'Siicht ënner 100 Meter, mécht een d'Niwwelluchten vir un, ënner 50 Meter déi hënnescht. Nachemol de Laurent Lentz.

"Niwwelluuchten just umaachen wa se néideg sinn an dann och nees drun denken se auszemaachen. Et si vill Chauffer déi di  ganz donkle Joreszäit mat den Niwwelluuchten u fueren. Dat ass ze vermeiden, well dat och déi aner Chauffer ka blenden deemnowéi."

Elo wier och de richtegen Zäitpunkt, fir den techneschen Zoustand vu sengem Auto kontrolléieren ze loossen. Fir dass d'Luuchten an och Pneuen an der Rei sinn.