G 5 nennt sech d‘Organisatioun vun den däitschsproochege Länner an der Gastronomie. Kach Verbänn, aus der Schwäiz, Eisträich, Südtiroul, Däitschland an och de Grand-Duché.

Pandemie bedengt no engem Joer Abstinenz war viru kuerzem elo nees de „Young Chefs Unplugged“ Event zu Dornbirn an Eisträich. Wat gouf et do fir all Participant aus den Hotelschoulen ze erliewen? De Christian Schmit war fir äis mat dobäi.

22/10/2021 Young Chefs Unplugged (RADIO VERSIOUN)

Souzesoen e Weessens Kongress fir Schüler déi an der Ausbildung fir Kach oder Patissier sinn, an hiren Dramjob an der Gastronomie gesinn.

Mat Schüler an Enseignanten aus dem LTB vu Bouneweg, an dem EHTL zu Dikrech, war di Lëtzebuerger Delegatioun nawell eng grouss.

Responsabel fir di ganz Organisatioun ass de President vum G5 an och vum éisträichesche Kachverband, Mike Pansi. Et war net evident dëst Joer?

RTL
RTL

Genau, es war eine Herausforderung weil ja gerade in unseren Ländern die Pandemie auf unsere Branche einen solchen Impakt gehabt hat. Umso mehr und wichtiger war es diese Down Spirale zu unterbrechen und zu sagen wir machen das, und senden positive Siganle an unseren Nachwuchs, unsere Profession als Köche.

Wat ass de Message dee “Young Chefs Unplugged” soll vermëttelen? De Mike Pansi Organisateur a Präsident vum G5.

RTL
RTL

Wie können wir unsere Nachwuchsköche auf eine Bühne setzen und hochleben lassen und gleichzeitig sehr viel Motivation mitgeben. Gerade diese Motivation über Weiterbildung, Worhshops, über das Netzwerk was wir sehr wichtig finden. Hier kommen sie 1:1 in Kontakt mit Sterneköchen mit Top Referenten mit wirklich den Besten unserer Branche.

An och 2021 war d’Affiche mat Referater a Work Shop ganz ofwiesslungsräich a vun ganz héijem Niveau.

RTL
RTL

Dat war et e Meet and Greet mat de Wildbakers, beschte Bäcker aus Däitschland a Brout Sommelier. E Patissier vum Joer hat säin Optrëtt, genee wéi e Béier a Kéis Sommelier bis Messer Schlaifer oder Food Pairing. Stäre Käch aus der Schwäiz, Technik vum Geméis schnëtze gouf gewisen, et konnt een de Spice Hunter kenneléieren oder och nach Food Fotoen, Smartphone a Social Media. Mat der Nowuess Band Opération Zéro gouf et och nach e Live Concert um Samschdegowend.

Mam Jerry Herkes stoung och e Lëtzebuerger op der Bühn. Dee kenne mir natierlech vum Community Catering Team Luxembourg, wou hien erfollegräich war. Wat huet hie gewisen?

RTL

Mat de Gewürzer Marinaden maachen. Drechen a Naass Marinaden, mat 20 Stéck ronderem een, dat war ganz flott

Geleeënheet fir eppes Neits kennenzeléieren an eppes bäizeléiere gouf et deemno genuch an deenen 2 Deeg. Wéi huet de jonke Public dat opgeholl?

Et war eng ganz schéin Erfarung fir eis alleguerten, mir hu ganz vill erlieft...di Saach mat de Messere schläifen, eng nei Experienz.

Es war voll cool, wir haben viel erlebt und vieles dazugelernt...es hat sehr viel Spass gemacht, neue Techniken ausprobiert. Die Leute auf den Ständen waren alle sehr nett und freundlich, mat hat sich wohlgefühlt.

An och de mat ugereesten Entourage war ganz zefridde mam Programm?

Natierlech, et ass ëmmer flott ze gesinn wéivill Jonker sech fir de Beruff interesséieren, dat Wësse wat si hei konnte mat huelen. Wann e mat deene Leit geschwat huet déi hei de Workshop gehalen hunn, da waren déi méi wéi begeeschtert wat di Jonk schonn alles wëssen, a wéiwäit si sech och elo hei weider gebild hunn.

Et ass genial, eng eenzegarteg Erfahrung déi een hei ka maachen, et soll een et net verpassen, et ass e Rendezvous.

Si hunn hei och vill Kontakter geknäpt, well si ginn jo d'nächst Joer a Stagen an d'Ausland.

Fir Oktober 2022 ass de nächste Young Chefs Unplugged scho programméiert. Erëm zu Dorbirn am Bregenzer Wald, an déi Kéier dann och mat engem Speed Cooking Concours tëscht deene 5 Natiounen aus der däitsch sproocheger Gastronomie. 

RTL
RTL
RTL
RTL