Viru 50 Joer huet Mercedes den Airbag perfektionéiert. Ma scho gutt 10 Joer virdrun, goufen et schonn eng Partie Fabrikater. De Problem bei hinnen all; Wéi kritt een en séier genuch opgeblosen?

23/10/2021 Op Den Dag

D'Entwécklung vum Airbag huet bei Mercedes am Joer 1966 ugefangen. Dat entspriechent Patent koum 5 Joer méi spéit. Op engem 23. Oktober vum Joer 1971. Ma zu deem Zäitpunkt hat den Ingenieur an Erfinder, de Walter Linderer, säi Patent vun engem Airbag schonn ugemellt, dat war am Joer 1951. Seng Konstruktioun war awer ze schwéier an ze grouss. Dernieft war de System net fir eng bestëmmte Killflëssegkeet geduecht. Dat war de Moment, wou d'Mark mam Stär agegraff huet.

Iwwregens net vill anescht ass et dem Harry Bertrand gaangen. Hien sollt am Optrag vu General Motors en Airbag entwéckelen. De Nodeel bei sengem Produit war, dass den Airbag duerch de ganzen Auto gaangen ass. D'Gefor duerch Erstécke war ze grouss. Obwuel dëse Modell schonn de Virgänger vum Kapp-, Fouss- a Säitenairbag war.

Nom Patent, wat haut um Dag 50 Joer kritt, sollt et nach 10 Joer daueren, ier den éischten Airbag an engem Auto verbaut war.

10 Joer an deenen un de klenge Boboë geschafft ginn ass. Ë.A sollt den Airbag sech bannent 30 Millisekonnen opblosen. Eng Erausfuerderung, déi een um Enn mat enger Zort Sprit fir Rakéite geléist huet. De Loftsak huet och net dierfe platzen. Dofir huet een Polyamid als Material gewielt. Haut ass d'Material nach méi liicht an nach méi dënn am Verglach zu deemols.

Seng Première feiert den Airbag dann an enger S-Klass. Vun elo un gouf et dëse net onwichtege Gadget géint en Oppräiss vun ongeféier 780 Euro.

Eréischt an de 90er koum d'éischt den Airbag fir de Chauffer, duerno dee fir de Bäifuerer a Serie eraus.

Zanterdeem ginn et och vill Réckruffaktiounen. Ëmmer erëm sinn Hiersteller mat Software geplot, et géife Sensore ginn, déi net erkennen dass et en Impat gouf. De rezente Fall betrefft Firma Takata, et dierft dee gréisste Réckruff an der Geschicht vun der Autosindustrie sinn. Takata stellt Airbagen hier a liewert se um US-Marché u Marque wéi Toyota, Ford, Honda oder och Ferrari. An Europa, ginn se an Däitschland u Mercedes, BMW a Porsche.

D'Airbage léise vum selwen aus an hunn an Amerika schonn éischt Doudesaffer gefuerdert. Sollt sech erausstellen, dass méi Modeller vun dëse Problemer betraff sinn, da kéinten 30 Milliounen Autoen vun engem Réckruff betraff sinn, dorënner der bestëmmt och hei zu Lëtzebuerg