Spéitstens mam Hierscht lafen erëm méi Leit mat enger Erkältung duerch d'Géigend. Wien net op Medikamenter wëll zeréckgräifen, deen zerwéiert sech un Hausmëttel. Héngerbritt, Zitroun oder Téi ass eppes wat deen een oder anere kennt. Ma och Ingwer an Zwiwwele kommen gär an den Asaz. Ma wat maachen Leit an anere Länner?

21/10/2021 Erkältung: Aner Länner, aner Hausmëttel

Pénktlech mam Hierscht an der däischterer Joreszäit ginn och erëm méi Leit krank. Vun esou enger Erkältung huet een dann och dacks eppes. Meeschtens ass se net no enger Woch ewech. Déi meescht gräifen dann zu Hausmëttel wéi Téi oder Zitroun an hoffen dann esou séier wéi méiglech erëm op d'Been ze kommen. Ma och an anere Länner gräife Leit zu Hausmëttel, déi sinn natierlech anescht wéi bei eis.
 
Villäicht huet jo scho mol een eppes vum jiddesche Penicilin héieren? Et ass näischt anescht wéi eng kräfteg Héngerbritt. Se ass virun allem an den USA beléift. Jo et ass hei souguer dat wichtegst an déi wierkungsvollst Ofwiermoossnam wann eng Erkältung opkënnt. Jiddesch dowéinst, well de berüümte jiddesche Geléierte Maimonides als éischten dës Zopp am 12 Joerhonnert recommandéiert huet.
 
Et sti keng Mueden um Programm, och wann déi vill Protein a Eewäiss hunn. Et sinn eigentlech ganz normal Saachen. An Australien ass den Eukalyptus, den Zimt oder och de Peffermënz héich an der Course. Et soll een déi Saachen 3 Mol den Dag drénken. Och a Japan zerwéiert ee sech um Ingwer. Dëse gëtt mat waarme Waasser gemëscht fir um Enn nach Zocker oder Hunneg mat dobäi ze maachen. A Korea ass et eng Zopp mat Algen. Si soll séier erëm gesond maachen.
 
Dann ass jo do nach de Glawen, dass waarmt Gedrénks mat Alkohol soll Wonner wierken, wat ass do drun?
 
A Japan ass et z.B Räiswäin dee waarm gedronk gëtt. A Portugal mëscht een en Eegiel mat Zocker a Porto. An Taiwan klappt een en Ee an de Wäin, fir dat da mat Zocker Ingwerjus ze mixen. Beléift ass iwwregens och en iresche Whiskey mat Zocker an enger Zitroun. D' Iren iwwerrasche mat deem Rezept net wierklech. Et gëtt ebe keng Geleeënheet ausgelooss.
A Kolumbien hëlt een z.B de Jus vum Aloe Vera, et mixt een en mat Hunneg an Réidech oder Zwiwwelen an da soll een dat 3 Mol den Dag drénken.
 
Aner Länner aner Hausmëttel géint d'Erkältung. An eppes si sech dann all eens. Déi meescht Erkältungsvire si sensibel op d'Hëtzt. Dofir ginn déi meeschte Mëttelen och Waarm zou sech geholl.