En Dënschdeg de Moien wollten den Dan an d'Michelle vum Affekot Jean-Jacques Schonckert gewuer ginn, wéi deier et ka ginn, wann een eng Kéier eng aner Persoun vernennt a si beleidegt.

20/10/2021 Ee beleidege kann deier ginn

Dat fänkt mat der Definitioun vun enger Beleidegung un. Well net jiddweree fillt sech doduerch datt en "Iesel" genannt gëtt beleidegt. Et muss schonn eppes sinn, dat där anerer Persoun hir Éier verletzt. Da kënne Wierder sinn, geschriwwen oder ausgeschwat, mä och Biller oder Gesten.

Et ass och net esou einfach fir sech festzeleeën, wéini eng Beleidegung richteg schlëmm ass.

Maître Jean-Jacques Schonckert: Wann ech soen "Du Blani" oder wat, et gi jo genuch Wierder, do ass d'Lëtzebuerger Sprooch facettëräich... mä wann et méi präzis ass, zum Beispill "Du bass e Blani well s du dem Noper eng op de Kapp geschloen hues, du bass ee Kläpper", da gëtt dat méi deier. Mä einfach esou an de Wand eraus, mir nennen dat eng "Injure Contravention, dann ass dat net esou deier wéi wann een hannendrop nach eng drop beschreift "Du bass ee Blani well...".

Et muss och ëmmer de Kontext gekuckt ginn, an deem esou eng Frechheet gemaach gëtt. Wie sengem Géigeniwwer beim Patt am Bistro eppes an de Kapp geheit, beleidegt déi Persoun net onbedéngt. Ganz anescht ass dat awer, wann een zum Beispill engem Polizist oder engem Pechert seng Meenung seet, wann een ee gepecht kritt:

"Dat ass keng Injure méi, dat ass een Outrage, een Outrage à Agent, dat ass déi berüümte Beamtebeleidegung. Et muss awer esou sinn, datt de Pechert oder Polizist muss am Déngscht sinn, et muss à l'Occasion vu sengem Déngscht sinn, an ee Manktem u Respekt sinn. Et muss net onbedéngt ee sinn, deen eng Uniform un huet, mä deen eng fonction publique huet, oder dee "participe à l'execice de l'autorité publique", zum Beispill ee Professer, ee Schoulmeeschter."

An et ass net egal wat ee seet, well jee nodeem op wéi eng Manéier ee säi Géigeniwwer beleidegt, kann dat richteg deier ginn.

"En Déierennumm kascht maximum 250 Euro. Wann et awer doriwwer erausgeet, da komme mir an ee Beräich dee bei 5000 Euro ufänkt, a vu 6 Méint bis 3 Joer Prisong ka goen.  Et soll ee sech et deemno gutt iwwerleeën, mir liewe jo och an enger Gesellschaft déi ziviliséiert ass, da soll ee sech och deementspriechend behuelen."

Also léiwer eng Kéier schlécken a bis 10 zielen ewéi impulsiv dat eraus ze loossen, wat engem als éischt duerch de Kapp kënnt. Dat ass net nëmme besser fir Äre Portmonni, mä deet och dem Zesummeliewe gutt.