Muer um Sonndeg ass de Welt-Poliodag, also deem vun der Kinderlähmung. An och de Rotary-Club ass an deem Kader aktiv.

Dat ass e Service-Club dee wëll frëndschaftlech Relatiounen opbauen, an aneren, virum allen Jonken duerch hir Beruffserfahrung an hiert Wëssen wëll hëllefen. Si hëllefen och wann anerer an Nout sinn, souwuel hei am Land wéi och am Ausland. E rezent Beispill sinn do bal 30.000 Euro déi gesammelt goufen am Kader vun den Iwwerschwemmungen bei eis.

Mir hu mam Jos Faber geschwat, dem zukünftege Gouverneur vum Rotary Distrikt 2160 an deem Lëtzebuerg dran ass an och Deeler vun der Belsch. Deen huet eis erklärt firwat sech de Rotary-Club géint Polio asetzt. Dat ganzt huet en historeschen Kontext a geet zréck op d'Joer 1916. Do gouf et an Nordamerika eng Pandemie.

"A wéi dunn en Impfstoff géint Kinderlähmung fonnt ginn ass, dunn huet de Rotary probéiert erauszefannen, ob eng Herdenimmunitéit géint de Virus vun der Kinderlähmung méiglech wär an dofir sinn dunn 1979 6 Milliounen Dosen vun deem Impfstoff kaf ginn fir Kanner tëscht 0 a 5 Joer op de Philippinen ze impfen. Dës Aktioun déi zesummen mat der philippinescher Regierung duerchgezu ginn ass, wor e groussen Erfolleg an dofir huet de Rotary 1985 sech als Zil gesat, Kinderlähmung auszerotten."

1988 ass d'WHO mat an d'Boot geklomm an 2009 d'Fondatioun vum Bill a Melinda Gates.

RTL

"Duerch déi Aktioun sinn 3 Milliarde Kanner tëscht 0 a 5 Joer an 122 Länner géint d'Kinderlähmung geimpft ginn. D'Kinderlähmung ass e Virus deen sech haaptsächlech duerch verknaschte Waasser verbreet a befällt wéi gesot haaptsächlech Kanner tëscht 0 a 5 Joer. De Virus kann den zentralen Nervesystem attackéieren a féiert dann wéi den Numm et seet zu Lähmungen. 1985 sinn et all Joer nach méi wéi 350.000 nei Fäll vu Kinderlähmung ginn, haut geet déi Tendenz op 0 an et gi just nach 2 Länner op der Welt an deenen et Fäll vu Kinderlähmung gëtt: Pakistan an Afghanistan."

Et wier een awer eréischt um Zil ukomm, wann et weltwäit kee Fall méi gëtt betount nach de Jos Faber.

"D'Rotary-Clibb hu bis elo ronn 2,1 Milliarden Dollar an déi Impfcampagne gestach an et war de Rotary deen d'Regierungen weltwäit iwwerzeege konnt fir 10 Milliarden Dollar an déi Impfcampagne ze investéieren."

RTL

Sämtlech Clibb bezuelen do ee verschidde Montant pro Member an d'Fondatioun vum Rotary. Do ginn et dann och geziilten Aktioune fir Suen ze sammelen. Hei zu Lëtzebuerg war dat zum Beispill e Concert mat der Militärmusek.

An der Hoffnung, dass et enges Dags keng Polio méi gëtt. Wie sech elo selwer wëll an engem Rotary-Club engagéieren, ka sech gär beim Jos Faber mellen mat engem Mail op:

jos.faber@education.lu (Numm an Adress w.e.g uginn)

RTL