Den 1te Januar d'lescht Joer ass d'Gesetz fir d'Dampmelder-Flicht a Kraaft getrueden, a Gebaier an där op mannst eng Wunneng ze fannen ass. Ass ee bei engem Brand dann trotzdeem verséchert, och wann ee keen esou ee bei sech doheem installéiert huet. Mir hu bei enger Lëtzebuerger Assurance-Gesellschaft nogefrot.

22/10/2021 D'Coryse freet no: Verséchert ouni Dampmelder?

Den 1te Januar d'lescht Joer ass d'Gesetz fir d'Dampmelder-Flicht a Kraaft getrueden, a Gebaier, an där op mannst eng Wunneng ze fannen ass. Ass ee bei engem Brand dann trotzdeem verséchert, och wann ee keen esou ee bei sech doheem installéiert huet? Mir hu bei enger Lëtzebuerger Assurance-Gesellschaft nogefrot. De Claude Schwartz vum Foyer:

Wéi ass et mat der Entschiedegung?

"Natierlech kënnt d’Versécherung fir esou e Schued op, ob een e Rauchmelder huet oder net, ob e funktionéiert oder net, dat spillt guer keng Roll."

RTL

© Pixabay

Rauchmeldere sinn a neie Gebaier obligatoresch, se mussen ënnert anerem an de Schlofkummeren ubruecht ginn.

Wéi wichteg ass et Dampmelder ze installéieren?

"Et ass GANZ wichteg fir déi obligation légale ze respektéieren well se hëlleft Liewen ze retten. Wat ee méi séier informéiert ass vun engem Feier bei sech doheem duerch d'Geräisch vun engem Rauchmelder, wat ee méi séier d'Haus oder d'Appartement verloossen a sech a Sécherheet brénge kann. Dat hëlleft och fir esou séier ewéi méiglech d'Pompjeeën ze ruffen a seng Miwwelen, seng Souveniren, an alles wat een doheem huet, ze retten."

Vun 2023 wäert d’Gesetz iwwregens vir all Haushalt am Land gëllen, bis dohinner huet all Proprietär Zäit se unzebréngen. Dampmeldere musse konform zu de Norme sinn a se musse mam CE-Symbol gekennzeechent sinn.

Dampmeldere reegelméisseg kontrolléieren

"Wat och wichteg ass, dat ass dass ee reegelméisseg seng Rauchmelderen, seng Installatiounen, iwwerpréift ob se nach normal funktionéieren. Dat evitéiert Iwwerraschungen, déi ee wierklech net wëllt hunn."

Hei ginn et weider Informatiounen:

RTL

© Pixabay