Bei eise reegelméissegen Visitten an der Déierenpraxis vum Romi Roth, maache mer ëmmer nees Bekanntschaft mat Patienten. An dësem Fall huet een dem Déier schonn op den éischten Bléck ofgesinn dass eppes net stëmmt.

21/10/2021 Déierentipp: EGK bie engem Maine Coon

De jonke Poli, en immens schéine léiwe Maine Coon war net gutt. Hee wollt net méi spillen an huet vill méi wéi soss geschlof. Matten wärend dem Friessen ass en heiansdo wéi vum Bëlles gebass an d´Héiluucht gesprongen a fortgelaf. Well de Risekueder scho rabbeleg gi war an op eemol an engem Stéck komesch gegierkst huet, hu seng Leit en emol an d´Praxis bruecht. Wéi mir hien aus dem Transportkuerf geholl hunn, war e faule Geroch ronderëm seng Schnëss an och e Fuedem bluddege Spaut, deen aus der oppener Maul erauskoum. De Poli, soss ganz gedëlleg, wollt sech dëss Kéier guer net bannen am Mond ënnersiche loossen.

21-10-2021 Déierentipp - Romi Roth - EGK bei engem Maine Coon - Analyse

D'Fro déi engem op der Zong läit ass natierlech, firwat dat esou ass. Dofir huet et awer fir d'éischt emol enger Anästhesie gebraucht bei sou enger grousser Kaz. Mat enger décker Decken gouf de Poli wéi eng Mumie agewéckelt an dunn huet ee gesinn dass säi Mond bannendran ausgesinn huet wéi wann do eng Bomm explodéiert wier.

Alles war feierrout geschwollen an entzünd. A ganz hanne bei der Schléck hat hien eppes, wat wéi Choufleur ausgesinn huet a laanscht dat hien net méi schlécke konnt. De Poli hat eng Krankheet vum Immunsystem, déi bei Kazen net esou rar ass. Den "Eosinophilen Granulom Komplex",  EGK, oder och "Kaze-Stomatitis-Komplex", bei dem den Immunsystem sech op eemol géint den eegene Kierper dréint an deen  ugräift aplaz en ze verdeedegen. Déi Kränkten sinn net liicht ze behandelen, heiansdo carrement therapieresistent bis och de leschten Zant gezunn ass. De Poli, bei deem d´Krankheet séier fort war mä dunn erëm koum, muss elo reegelméisseg mat engem Medikament behandelt ginn, dat säin Immunsystem berouegt.

21-10-2021 Deierentipp - Romi Roth - EGK bei engem Maine Coon - Traitement