Wien de Weekend nach näischt fir huet, ka sech déi nächst Deeg nach Zäit fir e klenge Spektakel huelen. D'Zirkusschoul Zaltimbanq invitéiert op de Lampertsbierg fir en Zirkusspektakel fir Grouss a Kleng. „Variété des belles choses“ heescht den Event an et gi Saache fir ze staunen a fir ze laachen, sou d'Irina Chechulina vun der Zaltimbanq Zirkus ASBL.

22/10/2021 Zirkusspektakel: Varété des belles choses

Irina Chechulina: Wou d'Pandemie ugefaangen huet, hu mer eis pedagogesch Aktivitéite reduzéiere missen. Mir hate vill Zäit an eis Kreatiounen investéiert. Esou ass „Variété des belles choses“ entstanen. „Variété des belles choses“ ass e flotte Mix vu lëtzebuergeschen Zirkuskënschtler, déi hir Nummere weisen, wéi Jongléieren, Akrobatik um Buedem, an der Loft an um groussen Trampolin. Et ginn och Clownen an Zauberer do. Dësen Zirkusspektakel ass mat vill live Musek vun enger Zirkusband.

De Spaass soll natierlech net nëmme fir d'Zuschauer sinn, mee och fir d'Zirkusleit selwer. Dofir probéiert d'Zirkusschoul Zaltimbanq och selwer ze suergen.
Irina Chechulina: Zirkusschapp ass eng kulturell an magesch Plaz fir Zirkus ze léieren an ze kucken. Mir kruten déi vun der Stad Lëtzebuerg zur Verfügung gestallt, fir d'Zirkuskonscht ze fërderen. Iwwer 300 Schüler komme pro Woch a kënnen do trainéieren. Dat geschitt an enger spillerescher Aart a Weis. De Motto vum Zirkusschapp ass: D'Plaz wou jidderee frou ass. D'Plaz wou jidderee Spaass fir ze léieren huet. D'Plaz wou jidderee Spaass huet, fir zesummen ze sinn.

De Spektakel ass natierlech och keng eemoleg Saach. Dir hutt iwwert de Weekend verdeelt e puer Chance fir iech dat ganzt unzekucken.
Irina Chechulina: Et si 4 Spektakelen, déi iwwer dëse Weekend, 23. a 24. Oktober, lafen. De Samschden ass et um 14:30 a 17:00. De Sonndeg sinn nach 2 Presentatiounen em 11:00 an ëm 14:00. Reservatioune sinn obligatoresch, well d'Plaze limitéiert sinn. Et leeft iwwer E-Mail: maradaro@hotmail.de. D'Spektakele sinn ab 3 Joer geduecht.