Haut op dësem europäeschen Dag vun der Justice hu mer e bësse méi eng aussergewéinlech Fro un den Affekot. Et geet ënner anerem ëm de Scheedungshond. Mee ier mer zu deem kommen, méi allgemeng Foren zum Thema Scheedung un den Affekot, de Jean-Jacques Schonckert.

25/10/2021 Wat geschitt bei enger Scheedung mam Hausdéier?

Eng Scheedung ass jo näischt Schéines, do geet et jo an éischter Linn em de Besetz
Jean-Jacques Schonckert: Zu alleréischt geet et éischter drëms, dass Leit sech trennen, et geet net ëm de Besëtz. Duerno kommen emol d'Kanner. Wann da gereegelt ass wie wou wunnt, da kommen fir d'éischt emol d'Saache fir opzedeelen.

Méi delikat, oder speziell ass et dann, wann en Hond am Spill ass. Wat seet do d'Gesetz?
Jean-Jacques Schonckert: De "Scheedungshond" ass nawell e Begrëff hannert deem eng ganz Dramaturgie verstoppt ass. Mir hunn en Déiereschutzgesetz. D'Wuelbefanne vum Déier ass an der Constitutioun festgehalen, am Scheedungsgesetz awer net. Do gëlt de Prinzip vum Code Civil, dass d'Déier wéi eng Saach behandelt gëtt, mee wéinst dem Déiereschutzgesetz ginn awer d'Besoinen vum Déier gekuckt. Do kann de Scheedungsriichter dann och entscheeden, dass d'Déier bei dee geet, wou et am beschten opgehuewen ass, wann d'Leit sech virdrun net selwer eens ginn.

Ass den Hond dacks e Sträitthema?
Jean-Jacques Schonckert: En Hond gëtt, wéi d'Kanner dacks, zweckentfremdet. Se gi vun de Partner gären einfach genotzt, fir den anere gutt ze picken. Dat ass elo mol esou, mee dacks fënnt een eng Léisung. Spéitstens bei enger Mediatioun kann een dat riicht béien, do muss ee kucke wat d'Bedürfnisser vun de Leit hannendru sinn: Firwat streide se sech wéinst engem Hond?