En Owend mat de Jonge kënnt dacks ze kuerz. Fir di allgemeng Gesondheet vun de Männer wieren déi Soiréeën awer immens wichteg. Dat behaapt eng Etüd vun der Oxford Universitéit.

27/10/2021 De Männerowend ass gesond

Firwat ass sou e Männerowend gesond?

Burnout ass net seelen - den Drock vun Job, Geld, Famill ass fir vill Leit héich, sou dass d'Zäit mat Frënn ëmmer méi ze kuerz kënnt.

Genee dat soll sech awer änneren. Well, wien méi heefeg virun d'Dier geet, lieft méi gesond. D'Ofschalte vum Alldag hëlleft net nëmmen dem sozialen Ëmgang, mä och der Gesondheet op d'Spréng. Männer déi méi heefeg ënnerwee sinn, erhuele sech méi séier vu Krankheeten a si manner dacks vun Depressiounen oder anere psychesche Krankheete betraff.

Di Etüd kënnt och zum Resultat, dass Kontakt halen iwwer Social Media net duer geet. De richtegen, echte Kontakt hëlleft vill méi, vum Alldag ofzeschalten. An domat ass mol net onbedéngt gemengt, roueg mat de Kolleegen anzwousch ze sëtzen an ze poteren, oder richteg op den Tour ze goen - besonnesch gutt fir d'Gesondheet si gemeinsam sportlech Aktivitéiten. An an engems féieren se sou zu besonnesch gudde Frëndschaften.

A wat fir Männer gutt ass, ka fir Frae sécher och net schlecht sinn.