Wéi vill kënne mir eis op eis Erënnerunge verloossen? Ass alles sou geschitt wéi mir mengen? An der Fuerschung ass ee sech net wierklech eens - e Fall fir de Mister Science Joseph Rodesch.

28/10/2021 Mister Science

Gediechtnes
Hätte mir kee Gediechtnes, géife mir just am Moment liewen! Mä sinn all eis Erënnerungen och wierklech geschitt? D'Wëssenschaft schéngt Zweiwel ze hunn ...
si vill vun eise Kandheetserënnerunge falsch?

De Problem ass: Du kanns et net selwer erausfannen! Well fir eis wierke falsch Erënnerunge genee esou iwwerzeegend ewéi echter. Dat konnte Fuerscher:inne beweisen, andeems si Versuchspersoune gefälschte Fotoe gewisen hunn. Dës Probandinnen a Probanden hu sech dann zum Beispill gesinn, wéi si als Kand op engem Elefant souzen, an hunn d'Geschicht dozou héieren, mat wéi engem Familljemember si dat erlieft hätten. Um Enn hu vill vun hinnen d'erfonnte Geschicht gegleeft. Verfälschten Erënnerunge kënnen och entstoen, wann eng Geschicht ëmmer nees erzielt an dobäi ëmmer weider ausgebaut gëtt. Erënnerunge sinn also keng onverännerlech Donnéeën an engem Archiv, mä éischter ewéi Figuren aus Plastilinn, déi ee permanent anescht kniede kann.

Erënnerungen sinn esou formbar, well si, no den aktuellen Erkenntnisser, aus Netzwierker besti mat Nervenzellen, déi matenee verbonne sinn. Wann ech mech also u meng al Schoul erënneren, lafen elektresch Impulser duerch d'Nervenzellennetzwierk, dat meng al Schoul duerstellt, a wann ech mech u mäin éischte Kuss erënneren, gëtt en anert Netzwierk aktivéiert. An ëmmer wa Verbindungen tëschent Nervenzellen aktivéiert sinn, kënne si an deem Moment liicht Verknäppunge mat aneren Nervenzellen hierstellen. Wann ech mech also gläichzäiteg u meng al Schoul an u mäin éischte Kuss erënneren, kann et sinn, dass sech béid Nervenzellennetzwierker matenee verbannen. Ech mengen dann, dass ech déi éischte Kéier a menger aler Schoul gekusst hunn, obwuel dat vläicht guer net de Fall war. Esou Verknäppunge si bei privaten Erënnerungen net wierklech schlëmm. Bei Zeienaussoen ass dat awer eng aner Saach: An enger Ënnersichung aus den USA souzen iwwer zwee Drëttel vun de Persounen, déi zu Onrecht verurteelt gi waren, opgrond vu falschen Zeienaussoen am Prisong.

Et ginn e puer Tipps aus der Fuerschung, wéi een Zeienaussoen zumindest besser aschätze kann. Zeie sollte méiglechst séier no der Dot befrot ginn a si sollten dobäi och uginn, wéi sécher si sech sinn, zum Beispill den Täter op de gewisene Fotoen erëmzeerkennen. Well dës Aschätzung ass bei der éischter Interrogatioun nach relativ zouverlässeg. Ginn Zeien awer an der Zäit bis zum Prozess ëmmer nees befrot, da kënne sech Erënnerungen, déi am Ufank onsécher waren, verfestegen an zu falschen Urteeler féieren.

D'Fuerschung an dësem Beräich ass also wichteg fir eng gerecht Justiz!
A si kann esou spannend sinn ewéi e Krimi!

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS

Textbox 1: E bessert Gediechtnes duerch Verknäppungen
Och Gediechtneskënschtler:inne schaffe mat eisem Gediechtnes senger Fäegkeet, nei Verknäppungen ze bilden. Esou kann ee sech zum Beispill d'Punkten op enger laanger Lëscht aprägen, andeems ee si mat gutt bekannten Inhalter aus dem Gediechtnes verknäppt. Bei enger oft benotzter Mnemotechnik ass dat e vertrauten Trajet respektiv e Wee: Fir sech zum Beispill eng Akafslëscht ze mierken, leet een am Kapp d'Banannen op den Teppech, d'Mëllech bei d'Rout Luucht an de Pak Jughurt op d'Bänk beim Busarrêt. Wann een dann de Wee a Gedanken nach emol geet, falen engem bei den entspriechende Plazen d'Objeten, déi een am Kapp do higestallt huet, nees an. Gediechtneskënschtler:inne kënne sech mat esou Methoden och sënnlos Saachen, ewéi zum Beispill déi vill Dezimalstellen nom Komma vun der Zuel Pi, mierken.

Quellen:

The Synaptic Theory of Memory: A Historical Survey and Reconciliation of Recent Opposition
Langille J.J. et al., Frontiers in Systems Neuroscience, 2018

Fictional First Memories
Akhtar S. et al., Psychological Science, 2018

Rethinking the Reliability of Eyewitness Memory
Wixted J.T. et al., Perspectives on Psychological Science, 2018

Why eyewitnesses fail
Albright T.D., Proceedings of the National Academy of Sciences, 2017

Planting misinformation in the human mind: A 30-year investigation of the malleability of memory
Loftus E., Learning & memory (Cold Spring Harbor, N.Y.), 2005