Et ginn ëmmer Leit, déi ee stéiere wäerten andeems se hir Autoen tunen. Net all Tuning ass verbueden, mee dacks gëtt den Auspuff esou verännert, dass se nawell zolitte Kaméidi maachen. Paräis wëll elo dogéint vir goen an huet eng Zort Radar opgestallt, deen de Kaméidi vun den Autoe registréiert. Méi Detailer an ob et vläicht och eppes fir Lëtzebuerg wier, huet de Jeff Rossler.

26/10/2021 Radare géint den Autoskaméidi zu Paräis (Internet)

De System gëtt schonn an Amerika genotzt, mee éischter fir géint Waffekriminalitéit virzegoen. A Frankräich kënnt dat ganzt ënnert dem Numm "Medusa" elo an den Asaz: 4 Mikroen an 2 Billersensoren sollen erausfannen, wéini den Auto ze haart war. Dat och net ouni Grond: Ze vill Kaméidi mëscht d'Leit krank an onproduktiv. A virun allem zu Paräis kënnt eng gutt Rëtsch dovunner vun den Autoen. Dee Problem kënnt virun allem an de Groussstied vir a gëtt och net manner. Et ass och net einfach dogéint vir ze goen, esou den André Schaack, Chefkommisär vum Service national, de circulation et de sécurité routière bei der Police.

André Schaack: Wa mir sou eppes moossen, muss dat och mat Geräter kënne gemaach ginn, wou d'Resultat viru Geriicht och Bestand huet. Dat ass och d'Schwieregkeet. Dat ass alles net esou evident, mir kënne Gewiichter, Vitesse oder Alkoholgehalt am Otem asw. moossen, mee fir Geräischer oder de Radau ze moossen, dat ass eng ganz aner Saach a wesentlech méi komplizéiert. Mir sinn zu Lëtzebuerg, op mannst mol bei der Police, gespaant wéi déi Testphase ausgeet, well eng korrekt Miessung vun engem spezifesche Gefier, besonnesch op enger Plaz, wou et immens vill Niewegeräischer gëtt, ass keng evident Saach.

Et ginn natierlech Reegelen, wéi haart e Gefier duerf sinn, ma dat hänkt dovunner of, wéi een et ass. Dat sinn EU Richtlinnen an déi variéiere vu 70db bis 74db, jee nodeem wéi vill Leeschtung en Auto huet. Iwwer d'Jore soll dat nach erof goen. Natierlech ginn et och Strofe, wann een do driwwer geet.

André Schaack: Déi Strofen déi fänke bei eis bei engem Auspuff deen ze haart ass bei 49€ un. Wann den Auspuff net reglementaire ass, da sinn et 74€. Et ass awer och esou: Wann ee Modifikatioune fir hëlt, déi eng vun den Donnéeën ännert, wéi se um certificat de conformité stinn oder wéi se am procès verbal de certification virgesi sinn, da riskéiert dat, dass d'Betriibserlaabnis vum Gefier erläscht an domadder erläscht och d'Immatrikulatioun, wat eigentlech 145€ an 2 Punkte bedeit an deemno wéi och eng Immobilisatioun vum Gefier sur place. Mir maachen och reegelméisseg Kontrollen, op den Dag vun haut hu mir dëst Joer eng 170 avertissements taxés ausgestallt.

Well d'Sensoren awer nach an der Testphase sinn, ass et net sécher ob se soss wou nach weider duerchgesat ginn. Dofir gëtt nach probéiert aner Léisungen ze fannen.

André Schaack: Et ass iwwregens och ee vun de Weeër op deen d'Police aktuell geet. Mir probéieren d'Leit ze forméiere, fir hinnen ze weisen, wéi ee Baudeeler besser erkennt, déi eigentlech net erlaabt sinn. Dat ass och éischter de Wee, op deen een den Ament ka goen, am Plaz sech Apparater ze kafen, wou dann awer de Risiko besteet, dass d'Resultater viru Geriicht kee Bestand hunn. Dat géif kengem eppes bréngen.

Dat kann op Dauer dann och e gewëssen Challenge sinn, well sech déi getuneten Deeler vum Auto och gäre mol séier verstoppe loossen.