Et feelt dacks nach u Leit déi hir Organer spenden. Fir do dergéint virzegoe probéiere Fuerscher schonn zanter Joren Organer vun Déieren an de Mënsch ze verplanzen. Dat ass och näischt Neies méi, schonn zanter de 70er Jore ginn Häerzklappe vu Schwäin transplantéiert. An der Lescht hu Fuerscher et awer och gepackt en anert Organ vum Déier an e Mënsch eran ze kréien. Wat do genee geschitt ass, huet de Jeff Rossler.

27/10/2021 Organspenden duerch eng Schwéngsnier (Internet)

Eng Equipe aus Chirurgen aus New York huet e Schwäin genetesch verännert a gepackt, dass d'Nier vum Déier mam Mënsch kompatibel ass. Se hunn et an e Mënsch transplantéiert an hu gekuckt, ob de Kierper d'Nier dann och wierklech akzeptéiert oder dach nach ofstéisst. Dr. Claude Braun, President vu Luxembourg Transplant.
Dr. Claude Braun: Et war e besonnesche Kader, et war eigentlech e medezinescht Experiment. Et war eng Fra déi sech am Hierdoud befonnt huet, se gouf just nach vu Maschinnen um Liewe gehal. Mam Akkord vun der Famill huet d'Equipe vu Chirurgen déi genmodifizéiert Nier implantéiert. Déi ass net no banne geluecht ginn, se ass am Fong bausse vum Kierper bliwwen, fir dass se mat Ultraschall asw. beobachte konnten, ob de Kierper déi Nier géing unhuelen.

Scho mat aneren Déieren huet ee probéiert eng Transplantatioun duerchzeféieren. U sech si Mënschenafen eis genetesch am noosten, wat eng Transplantatioun erliichtere géif, mee e Schwäin dofir ze notzen, gëtt insgesamt ethesch besser ugesinn. D'Nier vun engem Schwäin gläicht där vun engem Mënsch och. Dobäi huet awer all Organ Proteinnen, déi quasi als genetesch Barrière funktionéieren.
Dr. Claude Braun: Fir déi Barrière ze iwwerwannen huet ee modifizéiert Schwäi geholl. Bei deene Schwäin sinn d'Zockermolekülen, déi sech op de Proteinne befanne, verännert ginn, sou dass se déi vum Mënsch änelen. Wann ech elo sou een Organ huelen an an a Mënsch implantéieren, fënnt dann och keng Ofstoussungsreaktioun statt. Dat sinn hyperakut Ofstoussungen, déi fannen no wéinege Minutten oder Stonne statt. Wat natierlech net beäntwert ginn ass: Wéi ass dat elo, wann d'Organ méi laang dra bleift? Et ginn nach aner Ofstoussungen, déi no eréischt no puer Deeg, no puer Wochen optrieden. Dee Problem ass bei dësem Versuch net geléist ginn.

Well awer nach net alles ënnersicht konnt ginn, ginn et natierlech nach eng Rëtsch oppe Froen.
Dr. Claude Braun: Ee Problem dee sécherlech net geléist ass, wat och an dësem Versuch hei ënnersicht konnt ginn, ass de Fait, dass all Spezies, also och d'Schwäin, a sengem Genom eng ganz Rei vu verstoppte Virussen huet. Wann déi Virussen elo bei enger Transplantatioun iwwerdroe ginn, kënnen déi aktiv ginn a beim Mënsch eng ganz Rei vun onbekannte Krankheetsbiller maachen. Ech weess net, ob an de nächsten 10, 20 Joer eng Transplantatioun vun engem friemen Organ, vun engem Déier, op e Mënsch wierklech d'Realitéit wärt ginn. Dat heiten ass sécher eng interessant Saach, mee näischt wat mech zu enger riseger Euphorie wäert hiräissen.

Nach ass et vläicht Zukunftsmusék, mee wee weess, wat déi zukünfteg Generatiounen mat dësem klengen Duerchbroch nach ufänke kënnen.