Op e Mupp eppes un enger Patt huet, e gelungene Geroch aus dem Mond kënnt, oder en Déier net méi friesse wëll. Fir e Veterinär gëtt et näischt wat et net gëtt an ëmmer muss een eng Léisung fannen.
D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut d'Lana um Dësch. Eng Jack-Russel-Dämmchen vun aacht Joer, déi an de leschten zwee Méint reegelméisseg en uerge Duerchfall oder de Mo ferm op der Kopp hat.

Seng Leit hu sech immens Suerge gemaach. Viru Kuerzem hat de Mippchen scho misse wéinst enger Tumeur d´ Mëlz erausgeholl kréien. Natierlech huet een elo gefaart, déi Saach hätt mëttlerweil uechtert de Bauch gestreet. Mais weder an de Blutt- a Stullanalysen, nach op de Röntgen oder mam Ultraschall war vill aneschtes ze gesinn wéi dass déi ënnersichte Bauchorganer e bëssen entzünt waren. Dernieft ware seng Nieweniere-Wäerter just e bësse niddereg, wat d´Ursaach kënnt sinn, dass d´Lana op all Klengegkeet esou staark reagéiert.

26-10-2021 Déierentipp - Romi Roth - Deier Balconsblummen - Analyse

D´Jack Russel Terrieren reagéiere jo och soss méi vif wéi aner, méi gemittlech Hondsrassen..
Mais den Ausléiser fir seng rezent Verdauungsproblemer hätt awer aner Muppen nawell och an d´Bredouille bruecht.

Op enger Foto vum Lana um Balcon waren och Jardinièren ze gesinn. Strubbelvoll mat wonnerschéinen, mä leider fir Honn (an iwwregens och fir Kazen a kleng Kanner) esou gëftege Balconsblummen ze gesinn, dass d´Planzefamill botanesch carrement "Hundsgiftgewächse" heescht. D´Blumm vun däer de Mupp hei reegelméisseg Pollen a Bléieblieder vu senge Patten geleckt huet, heescht méi speziell  "Dipladenia", och nach "Mandevilla". Op der Terrass zum Gaart haten dem Lana seng Leit och en etlech grouss Dëppen mat Engelstrompéiteblummen an Oleander, Laurier rose, stoen. D´Substanzen, déi déi Planzen gëfteg maachen ginn duer fir dem Hond seng Modaarmproblemer ze erklären, am Fong ass et just e Wonner, dass eis Patientin dobäi iwwerhaapt nach um Liewen ass.

26-10-2021 Déierentipp - Romi Roth - Deier Balconsblummen - Ursaach