Fir e Gëft brauch een meeschtens e Géigegëft. Dass een awer och Krankheeten bekämpfen kann mat eppes wou een den éischte Moment net drun denkt huet den Dr Marc Keipes, den Direkter aus dem ZithaGesondheetszenter vun der Gare haut matbruecht a kann et beleeën. Uebst géint Diabetes.

Dës australesch Etüd kléngt am éischten Moment e bësschen kontraproduktiv.
Bal 8000 Leit sinn iwwert en Zäitraum vu 5 Joer ënnersicht ginn. Déi deeglech Uebstconsommatioun ass notéiert ginn, an et sinn 4 Gruppen forméiert ginn.
Vun engem Véirel vun de Leit déi am mannsten Uebst giess hunn, 62 Gramm pro Dag, bis hinn zu deem Véirel dat am Meeschten giess huet. An dat waren bal 400gr den Dag.

27-10-2021 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes - Uebst géint Zocker - Etüd

Et wier awer elo schwéier verwonnerlech wann déi Method just positiv Auswierkungen op de Kierper an d'Gesondheet hätt.

Och wann déi Leit mat deem meeschten Uebst, och e bësschen méi Gesamtkalorien zou sech geholl hunn, sou war et dach, dass se besser Zockerwäerter konnte feststellen an och manner Insulinresistenz. Infine waren 36% manner Risiko fir Typ 2 Zocker ze kréien. E weidere Suivi iwwer 12 Joer konnt statistesch net méi ausgewäert ginn. Interessant war, dass den Effekt awer haaptsächlech do opgetrueden ass, wou d'Leit et als ganzt Uebst zou sech geholl hunn. Am Fall wou d'Leit hiert Uebst als Jus zou sech geholl hunn konnt den Effekt net nogewise ginn. Iesst also roueg Uebst. Lokal, saisonal an esou bleiwen mer all gesond.

27-10-2021 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes - Uebst géint Zocker - Resultat