D'lescht Joer sinn zu Lëtzebuerg 1803 Leit bestued ginn, 1447 sinn der dem Statec no gescheed ginn, dat sinn 80%. Och wann een déi Zuelen net einfach esou matenee vergläiche kann, ginn et och zu Lëtzebuerg ëmmer méi Scheedungen.

25/10/2021 Wat geschitt bei enger Scheedung mam Hausdéier?

Eng Situatioun, déi dacks net einfach ass, a bei där et och virkënnt, datt een op juristesch Hëllef ugewisen ass. Fir d'éischt muss d'Trennung offizialiséiert ginn, da kënnt d'Suergerecht vun de Kanner, wie wou wunnt, an natierlech och d'Deele vun deem wat een als Stot zesummen hat. A wann dann een Hausdéier do ass? Wat geschitt zum Beispill mat engem Scheedungshond?

De Maître Jean-Jacques Schonckert:

"De Scheedungshond ass ee schéine Begrëff, hannert deem eng ganz Dramaturgie ka verstoppt sinn. Lëtzebuerg huet een Déiereschutzgesetz, d'Wuelbefanne vum Déier ass och an der Constitutioun festgehalen, am Scheedungsgesetz awer net. Do gëllt de Principe général vum Code Civil: En Déier ass eng Saach, a gëtt wéi eng Saach behandelt. Mä, wéinst dem Déiereschutzgesetz gëtt no de Besoinen vum Déier gekuckt. Dat heescht, de Scheedungsriichter ka soen, den Hond geet bei deen, wou en et am Beschten huet, wou säi Wuelbefannen dat Bescht ass.

Hausdéieren am Allgemengen, an Hënn am Spezielle sinn och dacks ee Punkt iwwert dee bei enger Scheedung gestridde gëtt.

"Den Hond gëtt , wéi dacks och d'Kanner, zweckentfremdet, dat heescht, déi zwee Erwuessen, déi sech net eens ginn huelen dann, ob dat elo en Hond, d'Kanner oder iergend eng Saach, zum Beispill de Kaffisservice ass, dat gëtt dat geholl, fir deen anere just nach ze picken. Do fënnt een awer meeschtens eng Léisung, spéitstens bei enger Mediatioun. Et muss een awer ëmmer kucken wat d'Bedürfnisser vun de Leit sinn, wann se wéinst engem Déier streiden."

Dat lescht Wuert hält an deem Fall de Scheedungsriichter?

"Wann d'Leit sech net eens ginn, jo!"