Gehéiert Dir dann och zu deenen, déi dëst Joer hei am Land vun de fixe Radaren geblëtzt goufen? Da sidd der sécherlech net eleng! Mä wéi vill waren dat der am ganzen bis elo am Joer 2021 a wou blëtzt et am dacksten? Dat wollte mer wëssen an hunn dofir bei der nationaler Verkéierspolice nogefrot.

09/11/2021 Radar-Bilan 2021

Den Adnan Bobeta erkläert eis, wou am meeschte geblëtzt gëtt a wéi déi grouss Ënnerscheeder ze erkläre sinn.

"De Radar deen am meeschte blëtzt, deen déi meescht Infraktioune konstatéiert ass de Radar zu Schieren. Do hannendrun reie sech dann Radare vum RP Märel, respektiv vu Lëpschent an. Déi Ënnerscheeder sinn natierlech engersäits duerch d'Lokalisatioun vum Radar ze erklären, an déi aner Säit duerch eng ganz Rei aner extern Facteuren déi do eng Roll spillen. Wann een d'Beispill vum leschte Joer hëllt: duerch d'Pandemie, respektiv d'Ausgangsspär, do war eng Zäit laang däitlech manner Trafic op eise Stroossen an dat erkläert dann och déi Regressioun u konstatéierte Infraktiounen an de gewëssene Méint déi mer iwwer d'Joer haten .

Wann een awer d'Zuel vun dësem Joer kuckt déi virleien an der Period vum 1. Januar bis Enn Oktober, do sinn op deenen 3 Site kombinéiert ëm déi 72.000 Exces de vitesse konstatéiert ginn. An der Moyenne sinn dat der  7200 Konstatatiounen de Mount. Dovunner eleng 3300 zu Schieren."

RTL

Wann een déi 3 Sitten Schieren, Märel a Lëpschent zesummerechent, wéi eng Iwwerschreidungen goufen dann do festgestallt?

"95 Prozent sinn Iwwertriedungen wou ee mat der Amende vu 49 Euro muss rechnen. Déi 3 Sitten zesumme gekuckt, hu mer awer och natierlech dann eng Zuel vun 133  Protokoller wéinst ze héijer Vitesse déi geschriwwe gi sinn. An eleng zu Märel waren dat der bal 100 Stéck."

RTL

A wann een dann de Bréif vun der Police bis heem geschéckt kritt, dass ee geblëtzt gouf, gëtt dann direkt bezuelt?

"An der Reegel bezuelen d'Leit effektiv direkt. Wa mer elo mam Ausland den direkte Vergläich géife maachen, sinn eis taux de paiement héich. Am Duerchschnëtt wierklech iwwer 80 Prozent. A wa mer elo d'lescht Joer kucken, 2020, do hate mer en taux de paiement deen 90 Prozent war."

Fotoen gi jo keng verschéckt, déi kann ee sech dann awer op Bartreng an de "Centre de traitement" ukucken goen.

24 fix Radare ginn et den Ament bei eis am Land, nieft engem Streckeradar an engem bei der Rouder Luucht op der Stäreplaz an der Stad. An da ginn et jo och nach déi mobil. Nach emol den Adnan Bobeta vun der nationaler Verkéierspolice.

"Mir hunn eng Rei u mobille Radaren, d'radars mobiles embarqués, déi aus dem Auto eraus blëtzen. Do hu mer een op eiser Unitéit an 4 pro Regioun wou déi lokal unité de la police dann drop zougräife kënnen. Dat ass natierlech der Regioun iwwerlooss, awer do gëtt och ganz kloer d'Statistik vun den Accidenter gekuckt. Et gëtt och gekuckt, wou geféierlech Plaze sinn an et hänkt och natierlech vun enger Rutsch anere Facteuren of, wou déi dann opgestallt ginn. Nieft deenen hu mer och 2 Enforcement-Trailer, déi gonn och spezifesch agesat. Huele mer d'Beispill vun de Summerméint wou mer vill Tourismus am Land hunn a vill Motorrieder an d'Land kommen, dann stinn déi Radaren natierlech op Strecken déi potentiell geféierlech sinn."

RTL

Do dernieft gouf dann och nach betount, dass d'Zuel vun den Infraktiounen an de leschte Joren konstant erofgaangen sinn.

D'Kaart mat den Emplacementer fannt der hei: