Aus al, maach nei. Firwat net och an der Musek, wann et gutt ëmgesat ass. Mumford & Sons hunn et sech zweemol iwwerluecht op se Simon & Garfunkel sollte Coveren. Um Enn ass e Cover dobäi erauskomm, dee net nëmmen eppes fir d'Oueren ass, ma och nach eng Zäit opliewe léist, déi scho laang passé ass.

De Jerry Douglas war um Wee op e Concert. Iwwerdeems huet hie mam Marcus Mumford telefonnéiert fir dësem d'Lidd "The Boxer" virzeschloen. Et sollt dat Lidd sinn, well et dem Jerry Douglas besonnesch gutt gefält. Séier huet een sech zesummegesat fir iwwert de Projet ze schwätzen.

Zum Lidd: The Boxer gouf vum Paul Simon geschriwwen a gouf am Joer 1968 en Hit. Et war deemools schonn e Lidd wat gäre gecovert gouf. De Bob Dylan an The Samples hu sech ënnert anerem drun zerwéiert.

Fir den Deckel op d'Dëppen ze maachen, organiséiert den Jerry Douglas en Treffe tëscht Paul Simon a Mumford & Sons. Um Enn ass d'Lidd als Bonus Track um 2012er Album Babel drop. Och de Marcus Mumford kennt Lidd aus senger Schoulzäit. Wärend der Schoulzäit huet hien d'Lidd mat senge Klassekomerode matgesongen, haaptsächlech am Bus no engem Ausfluch. 

An obwuel Simon & Garfunkel éischter 2 roueg Gesellen sinn, sou war de Paul Simon dach op d'Resultat gespaant. Hien konnt et kaum erwaarden ze héieren, wat Mumford an Sons do gemaach hunn.

De Fazit:

Hir Instrumenter kléngen anescht, ginn anescht gespillt. Mat Banjo a Gittar an dann ass do nach d'Stëmm vum Marcus Mumford. Si gëtt dem Lidd nach eng gewëssen Melancholie.