E Sonndeg ass den éischten Advent, dofir këmmere mer eis haut emol ëm d'Käerzen. Ëm déi, déi um Adventskranz stinn, awer och ëm déi aner.

De Jan Peters aus der Käerzefabrik betount, eng Käerz misst ëmmer op e feierfesten Ënnergrond gestallt ginn...

Net ze no beieneen stellen an d'Wick opriichten

"... ewéi zum Beispill een Teller, eben eppes wat net brenne kann. An dann ass et natierlech wichteg dass d'Käerze net ze no beienee stinn, net dass déi eng Käerz déi aner Käerz ophëtzt an domadder fänke se un auszelafen an et huet een herno Sauerei. Ier een eng Käerz ufänkt, ass et wichteg dass een d'Wick ëmmer opriicht an d'Wick soll een och, jee nom Duerchmiesser vun der Käerz esou ee bis annerhallwen Zentimeter... méi laang soll déi net sinn... a soll dat de Fall eng Kéier sinn, einfach mat enger Schéier se ofschneiden wärend d'Käerz brennt."

RTL

© Pixabay

Wichteg ass och dass d'Käerze oder d'Käerzen net am Duerchzuch stinn. Soss dréckt d'Loft d'Flam op eng Säit, an da leeft d'Käerz zu där Säit aus. Bei Käerze bei engem méi groussen Duerchmiesser kann et emol sinn, dass de Bord ronderëm stoe bleift. Dee sol een ofschneiden esou laang de Wuess nach waarm a mëll ass, fir ze verhënneren dass d'Flam erstéckt.

Oppassen dass näischt dra fält

"Wann een elo zum Beispill eng Käerz mat Fixspéin ufänkt, dann dierf näischt an d'Brennschossel falen. D'Brennschossel ass déi ganz iewescht Uewerfläch. D'Käerz soll ëmmer esou laang brennen bis déi ganz flësseg ass, ier een se erëm ausmécht. A sollt emol eng Kéier ee Stéck do dra falen, zum Beispill vun engem Fixspoun oder eng Méck, dann einfach eraushuelen, well dëst kéint den Effekt ginn, dass et eng zweet Flam gëtt an da leeft se aus."

Et ass also net egal wéi een se ofbrennt, heiansdo huet een awer och net wierklech en Afloss drop, well et zu engem gudden Deel och mat der Qualitéit ze dinn huet. Et ginn där enger, an et ginn där anerer.

RAL-Zeechen a Nohaltegkeet

"Do gëtt et d'RAL-Zeechen vun der däitscher Käerzenzieherinnung. Dat seet am Fong aus, dass déi Käerz kontrolléiert ass an dass déi esou mann ewéi méiglech Russ ofgëtt, an dass d'Matière Premièren och kontrolléiert hiergestallt gi sinn. Am Nohaltegsten, am Ëmweltfrëndlechsten, si Beiewuess-Käerzen, mä hei ass de Problem dass déi Matière ganz knapp ass an de Präis extreem héich ass."

RTL

© Pixabay

Et ginn awer och gutt Käerzen, déi kee RAL-Zeechen hunn, an aner Alternativen zum Industrie-Offallproduit Paraffin, ewéi Beiewuess. A nach e klengen Tipp zum Schluss wann Der d'Käerz ausbloost an der wëllt deen Damp net:

De Wuess-Gas dämpt

"An dat ass u sech nach ëmmer de Gas, de Wuess-Gas, deen do nach dämpt, a fir dat ze vermeiden a fir dass ee se d'nächst Kéier gutt ugefaange kritt, zappt een den Docht einfach nach eng Kéier an de flëssege Wuess an et riicht een en dann och erëm op. An domat vermeit een dann och, dass den Docht esou ze soen 'verglüht'."