Alles wat fir de Mënsch geféierlech ass, a wou e sech vergëften kann, do gëtt normalerweis en Doudekapp drop gemoolt als ofschreckend Beispill. An Amerika gëtt dat souguer nach méi heefeg gemaach wéi bei eis, fir dass ee weess dass een besser d'Fanger dervun léisst. Dass dat och ganz dacks fir eis Déieren geféierlech ass, beweist e Fall aus der Praxis vun der RTL Déierendoktesch Romi Roth.

Wéi seng Leit d´Bibbi an d´Urgence bruecht hunn, war et scho ganz mackeg an ausgedréchent. Déi zwee Joer al Tigerkaz war de ganzen Dag dorëmmer getierkelt, wéi wa se gedronk hätt. Zum Schluss louch et nach just bei senger Waasserschësselchen, déi am Stonnentakt huet misse nogefëllt ginn. Wéinst der Saison, senge Symptomer an och de Labosresultater vu Blutt- a Waasserprouwen hate mir e Verdacht, deen dem Bibbi seng Leit du leider confirméiert hunn: Dat jonkt Déier hat virun e puer Deeg an der Garage „gehollef“ den Auto wanterfest ze maachen. Well et an der Lescht nuets scho fréiert, ass alt och e bëssen Defreezer an den Tank fir d´Fënsterbotzanlag geschott ginn. An dës Kéier goung dobäi leider e bëssen derlaanscht.

04-11-2021 Deierentipp Romi Roth - Gefor am Hierscht

An dat huet déi virwëtzeg Kaz du misse schmaachen? D´Bibbi hat net direkt un deem Pillchen selwer geleckt. Dat maachen éischter Honn a ganz jonk Miissercher. Eis Patientin hat sech warscheinlech d´Patten ofgeleckt, nodeems se duerch d´Nätzt gelaf war a sech op déi Manéier vergëft.

An den Defreezeren ass nämlech meeschtens Glykol  dran. A well dee séiss schmaacht, sinn esouguer Kazen, déi et am Fong soss net mat Séissegkeeten hunn, fatal drun interesséiert. Déi Ofbauproduiten vum Glykol, déi an der Liewer fabrizéiert ginn, maachen d´Niere futti. Wann en Déier direkt nodeems et Defreezer opgeholl huet, an d´Urgence bruecht gëtt, gëtt dowéinst de Glykol mat Briechmëttel aus dem Verdauungstrakt evakuéiert. Bis 5 Stonne méi spéit kann mat Alkohol als Antidot geschafft ginn.

Beim Bibbi koum all Hëllef ze spéit: obwuel hatt och nach mat Vodka an e sëllege Baxteren behandelt gouf, wollte seng Nieren net méi schaffen an et huet missen erléist ginn.

04-11-2021 Deierentipp Romi Roth - Glycolvergëftung bei enger Kaz