Neelstudioen hunn de Moment Héichkonjunktur. Et fënnt een der ëmmer méi, an et ass schwéier e Rendez-vous ze kréien. A wat wichteg ass bei eis Mënschen, dierf bei den Hausdéieren och net vergiess ginn.
D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Fall derbäi deen dat zimmlech däitlech mécht, och wann een um Ufank net drop kënnt dass Neel am Spill sinn.

D´Josephine, eng ural Persermix-Kaz, war op eemol vun elauter Grant a Roserei net méi auszehidden. Esouguer seng eege Leit sinn an engem Stéck gebass an zerkraazt ginn. Wéi et dunn op eemol och komesch gemëffelt huet an um Buedem op Schrack an Tratt bluddeg-schmiereg Spueren gemaach huet, gouf et vu senger Famill emol an d´Praxis bruecht. Well et du scho bal geckeg vu Péng war, hu mir scho fir et nëmme kënnen ze ënnersichen, emol eng Sedatioun misse sprëtzen.

09-11-2021 Deierentipp - Romi Roth - Manicure a Pedicure

Wat jo fir esou eng al Kaz vläit och net ëmmer ganz ongeféierlech si wäert?

Besonnesch well d´Josephine à la base och vill ze vill héije Bluttdrock huet. Et huet dunn awer, fir senger Folter en Enn ze maachen, einfach misse sinn. Eis al Patientin hat, gutt verstoppt vun hirem wuschelegem Pelz, e puer Krallen esou laang, dass si schonn ëm d´Kéier an d´Baleren eragewuess waren. Eng Daumekrall hat dat wéi en Tirebouchon carrement zweemol gemaach! No der grëndlecher Mani- a Pedicure a enger Behandlung géint seng Entzündungen a seng Péng war d´Josephine och scho vill méi frou a gedëlleg. A wann et iwwert de Parquet getrëppelt ass, hu seng Leit et och net méi klabberen héieren.

09-11-2021 Deierentipp - Romi Roth - Manicure a Pedicure hëlleft