Et ginn allerlee Forme vu Voyeurismus, dat muss net ëmmer mat Sexuellem verbonne sinn. Mir hunn den Affekot Jean-Jacques Schonckert gefrot, ob dat ''Nonstop dohinner kucken'' dann och bestrooft gëtt.

09/11/2021 Mir froen den Affekot: Voyeurismus

Fir d'éischt awer mol e puer Wuert Explikatioun zu Voyeurismus.
De Voyeurismus ass am Fong e Behuelen, wou ee sech um Kucken un anere Leit hire Misär ergötzt. Do hu mir déi Spanner bei Katastrophen oder Autosaccidenter. An da sinn do och déi, déi sech ergötzen um intime Beräich vun de Leit, sief et och intim Plazen um Kierper bezunn an och op de Privatberäich.

Also wann et eng Verletzung vun der Privatspär gëtt, gëtt et eng Strof.
Wann ech dem Noper nonstop iwwert de Gaart kucken a permanent gaffen, dat ass eng Atteinte à la vie privée, dat gëtt bestrooft mat bis zu engem Joer Prisong an enger fatzeger Geldstrof.

Dann dat 2. sinn déi Accidenteaffer, wat eng richteg Plo ass, oder de Katastrophentourismus an dat gëtt duerch de Code de route gereegelt. Do sinn d'Strofen net esou héich, dat ass eng Affaire de police mat 135 Euro an 2 Punkten um Fürerschäin, et kann een awer och deen ewech geholl kréien.

Dat 3. ass dat rezent vum 16. Abrëll vun dësem Joer an dat ass den Upskirting, also wann een ënnert d'Jupe filmt. Dat gëtt richteg hefteg bestrooft, bis zu 15.000 Euro Geldstrof an 1 Joer Prisong. Alles gëtt verduebelt an der Strof, wann dat an engem Bus oder Busarrêt geschitt an oder et publizéiert een et.

 
Wéi geet een dann elo am beschte vir, wann zum Beispill ee mech nonstop am Bus filme géif?
Deen direkt zu Ried stellen an natierlech d'Police ruffen. Dat muss festgestallt ginn, et bleiwe jo och Beweiser op hirem Handy, sou datt dat séier festzestellen ass.

Den Noper, deen nonstop a mäi Gaart kuckt, kann nerven, mä ausser kucke mécht e jo näischt. Oder?
Dat fält schonn ënnert den Harcèlement. Harcèlement ass wann ech mech duerch e Verhale vun engem anere gestéiert fillen. Dat ass natierlech mäi perséinlecht Empfannen, also subjektiv. Mä wann deen aneren awer weess, dat stéiert mech, well ech him sot, e soll ophalen an et gëtt sech net; dann ass et repetitiv, obsessionnel an da fale mir ënnert den Harcèlement an dat ass deen Ament strofbar.