Elo kommen nees déi méi däischter Deeg an dat huet och Repercussiounen op de Stroosseverkéier. Grad als Vëlosfuerer muss een elo nach méi oppassen a sech bemierkbar maachen. Wësst dir dann, wéi dir iech um Vëlo richteg siichtbar maacht? Den Yves Meyer vu Provëlo erkläert.

10/11/2021 Provëlo kontrolléiert Vëloen

Yves Meyer: D'Iddi ass, dass mir eis asetze, fir dass jidderee sou sécher a sou séier wéi méiglech am Alldag Vëlo ka maache. Eng vun de Saachen, déi Dir musst kucken, dass se um eegene Vëlo an der Rei ass, ass eng korrekt Beliichtung, fir dass een elo och am kalen, naassen an däischtere Wieder gesi gëtt. Et muss ee sech bewosst sinn, dass een als Vëlosfuerer e méi verletzleche Fuerer ass, d.h. mir hätte gär, dass d'Leit do och oppassen, dass d'Autosfuere se gesinn an op se Récksiicht kënnen huelen.

Provëlo hu gëschter um Rond-Point Robert Schuman Vëlosfuerer ugehalen a gecheckt, ob hire Vëlo dann och passend equipéiert wier. An dat gratis.
Yves Meyer: D'Iddi ass, dass d'Leit haut mat hirem Vëlo heihinner kommen, dass si hir Luuchte kënne kontrolléiere loossen, dass se dem Code de la Route entspriechend an der Rei sinn. Dat bedeit: Eng Kéier vir eng wäiss Luucht, déi dauerhaft liicht an hannen eng rout Luucht, déi dauerhaft beliicht ass. All zousätzlech Luucht, déi um Vëlo ass, ass vum Code de la Route hier erlaabt an och ganz gär gesinn, fir déi eege Sécherheet ze garantéieren. D'Leit, déi heihinner kommen, kënnen d'Luuchten ënnersichen an hei beim Vëlosbuttek, deen och hei ass, reparéiere loossen oder eng nei Luucht kafen. Soss hu mer och all méiglecht Infomaterial hei.

Et kann ee sech mat der Schell och per Toun bemierkbar maachen, fir elo net eleng beim Visuellen ze bleiwen. Et gouf och gekuckt ob dem Vëlo vläicht nach eppes aneres feelt a mir kruten dann nach puer Tipps op de Wee.
Yves Meyer: Sech selwer siichtbar maachen, ass eng ganz wichteg Saach. Zousätzlech zu de Luuchte kann ee, wéi mir hei grad, och giel Gileten undoen. Et brauch een eppes dat reflektéiert, Reflekteren sollt een esou gutt wéi méiglech um Vëlo ubréngen. Et ginn immens vill Gadgeten hautdesdaags, wéi z.B. Helmer, déi liichten. Dat Wichtegst ass och ëmmer: Bei däischtere Verhältnisser an naassem Wieder soll een esou transparent wéi méiglech ukënnegen, wat ee mécht. Et soll een oppassen, dass een heiansdo vläicht net gesi gëtt. Natierlech appelléiere mir och un d'Autosfuerer a generell dem motoriséierten Traffik, dass déi sollen op d'Vëlosfuerer an och op d'Foussgänger oppassen, fir dass déi vulnerabelst Leit am Traffik och geschützt ginn, zemools wa se sech scho siichtbar maachen. Dat läit eis um Häerz.

Da kuckt deemnächst nach eng Kéier no, ob äre Vëlo och wierklech siichtbar an ze héieren ass an da wënsche mir iech Bonne Route.