All Joer um 3. Dezember gëtt den internationalen Dag vun de Mënsche mat Behënnerung. Dëse gëtt zanter 1992 all Joer organiséiert, fir Leit mat engem Handicap z'ënnerstëtzen. De But ass et och fir e Bewosstsinn z'entwéckelen fir d'Besoine vu Mënschen déi an hirer Manéier ageschränkt sinn an en Design fir Jiddereen ze fërderen, Rechter ze sécheren an och d'Integratioun an all Beräicher vum Liewen z'ënnerstëtze, Michèle?

02/12/2021 Gutt a Form - Mënsche mat Behënnerung

Zanter der Grënnung 1993 ass Info-Handicap e Virreider wann et drëms geet fir touristesch Ariichtungen ze schafen, déi och de Besoine vu Mënsche mat enger Behënnerung gerecht ginn. Déi aktuell Kris huet den Tourismus a Kultur-Secteur net verschount an dofir ass dëst Joer decidéiert ginn, de Schwéierpunkt op dat Thema ze leeën, an eng Broschür erauszebréngen, déi d'Opnam vu Mënsche mat enger Behënnerung bei touristeschen a kulturellen Ausflich erstellt.

Och d'Entwécklung vum EureWelcome Label, deen op techneschem, sozialen a wirtschaftlechem Fachwësse baséiert, erméiglecht et zanter e puer Joer schonn, fir Infrastrukturen ze fërderen, déi fir all Mënsch, dee reest oder déi kulturell Offer zu Lëtzebuerg notze wëllt, zougänglech sinn, onofhängeg vun hirem Handicap. Hei goufen och en etlech virbildlech Initiativen ervirgehuewen, déi de Besoinen vu Mënsche mat Behënnerung no- a gerecht ginn.