Zanter dem 9. November gëllen an Däitschland méi déck Strofe wéinst Delikter am Stroosseverkéier, an an der Belsch solle geschwë Kameraen an de Asaz kommen, déi gesinn ob een um Handy ass wann ee fiert. De Gebrauch vum portabelen Telefon huet immens grouss Dimensioune ugeholl an dogéint misst een ugoen.

16/11/2021 Kameraen fir GSM um Steier ze détektéieren

De President vum Conseil d'administration vun der Securité Routière Paul Hammelmann seet, datt dat och zu Lëtzebuerg Iwwerleeungen an déi Richtung ginn.
Paul Hammelmann: Also technesch kéint et kommen, ob elo de politesche Wëllen do ass dat ze maachen, dorobber kann ech elo net äntweren. Mir hunn iwwernächst Woch eng grouss Table Ronde iwwert d'Securité Routière a wäert dann dorobber ze schwätze kommen. Mir sollen zu Lëtzebuerg intelligent aus dem Ausland knäipen a wann dat funktionéiert am Ausland, firwat dann net och zu Lëtzebuerg?! Well mir wëssen, datt den Handy e reelle Probleem ass.

D'Technologie an der Belsch wier elo do, getest an och accordéiert ginn, heescht et vun offizieller Säit. Dës Kamerae maachen eng Foto duerch d'Fënster an och eng vun der Immatrikulatioun-Plack vum Auto oder Camion. Wann de System, dee mat kënschtlecher Intelligenz funktionéiert, mengt en Handy am Grapp ze erkennen, ginn d'Fotoe bei d'Police geschéckt. An da kuckt ee Mënsch ob dat sou ass oder net. Et muss een et leider soen, nieft Alkohol a Vitess, zielt den Handy elo zu den Haaptursaachen bei Accidenter.
Paul Hammelmann: Net ëmmer ganz Schlëmmer, mä wat verhënnert, datt och mol e schlëmmt Accident derbäi ass. Fir deen, dee fiert, soll den Handy tabu, verpönt sinn. A leider ass et esou, dat hu mir bei alle Cause festgestallt, wa mir keng Sanktiounen drop maachen a mat Strofen droen, dann ännert sech eis Behuele leider guer net doranner. Ech si mol net onbedéngt de Fan fir d'Strofen ze erhéijen, am Moment sinn et 145 Euro Geldstrof drop an de Retrait vun 2 Punkten um Fürerschäin, ma dat soll an dat hu mir souguer versprach kritt 4 Punkten erop gesat ginn.

A beim Handy musse mir leider sou maache wéi beim Alkohol oder bei de Radare vun der Vitess, mir musse sanktionéieren, soss ännert d'Behuele sech net.

An der Belsch kéinten dat nächst Joer déi éischt Tester ulafen. Elo wieren nach just déi juristesch Detailer ze klären iwwert dës hallef-automatesch Kontroll. Bleift ofzewaarden ob dat dann och bei eis wäert kommen!