"Testen-Behandelen-Prevenéieren", dat ass de Slogan vun der europäescher Testwoch, déi e Méindeg, den 22. November ufänkt. Am Joer 2021 ass HIV keen Hindernis méi, fir e glécklecht an erfëllt Liewen ze hunn, Michèle Schons?

18112021 Gutt a Form - Aids - Teste - Behandelen - Preveneieren

0 Joer nom Optriede vun den éischten Aids Fäll ass ee wäit vum Schreck ewech, deen eng seropositiv Diagnose deemools ausgeléist huet. Dank neien Anti-HIV Therapien kann e Mënsch, dee mat HIV infizéiert ass, trotzdeem säin alldeeglecht Liewen, seng Pläng an och säi Kannerwonsch wéi all anerer realiséieren. Sandy Kubaj, Chargée de Direction vun der HIV Berodung:

-Tester sinn nach ëmmer déi eenzeg Méiglechkeet fir festzestellen op eng Persoun mam Virus infizéiert ass oder net. Eemol am Kierper gräift den HIV den Immunsystem un a brauch e puer Joer fir en ze schwächen, iert Symptomer optrieden déi opportunistesch Krankheeten entwéckelen.

-Esoubal eng HIV Infektioun festgestallt gouf, neutraliséiert eng antiretroviral Behandlung de Virus, esou dass en den Immunsystem net méi ugräife kann. Wat mat der Behandlung éischter ugefaange gëtt, wat se méi effikass ass an zu engem séiere Réckgang vum Virus an de Kierperflëssegkeete féiert.

-Duerch d'Behandlung gëtt d'HIV Quantitéit am Kierper esouwäit reduzéiert dass se net méi noweisbar ass an d'Virusquantitéit och net méi duergeet fir de Partner unzestiechen.

De Screening ass dofir e wesentlecht Preventiounsinstrument fir nei Infektiounen ze verréngeren, an den Zougang zu enger Behandlung erméiglecht, déi och nei Iwwerdrounge verhënnert. Hautzedaags kann dee Screening op 3 Manéieren duerchgefouert ginn:

-Bluttscreening: 6 Wochen nom Risk vun enger HIV Infektioun gëtt e Bluttscreening gemaach, deen Antikierper bestätegt oder net.

-Schnelldiagnose-Test: Dës Analyse kann 12 Wochen no enger méiglecher HIV Infektioun duerchgefouert ginn. Hei gëtt eng Drëps Blutt aus der Fangerspëtzt geholl an duerch eng chemesch Reaktioun Antikierper virgewise ginn.

-Selbsttest: Och déi kënnen 12 Wochen no enger méiglecher Infektioun vun dem Betraffene selwer a kompletter Diskretioun a Vertraulechkeet doheem gemaach ginn.  

Déi europäesch Testwoch, déi vun enger Aarbechtsgrupp aus Vertrieder vun HIV Preventiouns a Fleegeverbänn initiéiert ass, steet fir d'Mobiliséierung an d'Sensibiliséierung fir HIV Tester an deenen hiren Notzen. Dës ass ëmmer an der leschter Novemberwoch kuerz virum Welt-Aids-Dag den 1. Dezember.