Et gëtt vill Parallelen tëscht Mënsch an Déier - beim Behuele wéi bei de Krankheeten. D'Déierendoktesch Romi Roth këmmert sech haut ëm en demenzkranken Hond.

18/11/2021 Déierentipp: Watt am Kapp

Dem Pollux , engem ganz alen Dackelchen seng Famill wosst hiren Hänn kee Rot méi: all Nuecht géint zwou Auer fänkt hien un mat Billen an Huerelen wéi wann hien ganz dréngend eraus misst. Am Gaart kuckt hien da wéi verluer an huet meeschtens komplett vergiess, firwat hien iwwerhaapt wollt erauskommen. Hannescht am Haus steet de Männchen da stonnelaang virun enger Mauer ze jiipsen. Dobäi jickt hien awer nach ganz gutt an am Fong esouguer vill méi wéi soss.

18-11-2021 Déierentipps - Romi Roth - Watt am Kapp - Analyse

Ier mer bei d'Behandlung selwer kommen vläicht nach e puer Explikatiounen.

An der Déieremedezin gëtt an esou Fäll vu KDS, dem Kognitiven Dysfunktiounssyndrom geschwat. Dat ass och eng schläichend degenerativ Krankheet vum Gehier. An iwwert 50% vun den Honn iwwert 10 Joer hunn dee Probleem, dee grad esou mann ze heelen ass wéi den Alzheimer bei de Leit. Mat spezielle Medikamenter a virun allem mat enger Rëtsch Verhalensmesuren  kann awer och en Déier mat KDS nach laang zefridden a frou sinn. D´Déierenzeitung „Vier Pfoten“ huet fir Leit vun demenzkranken Déieren eng extra Checklëscht opgestallt, déi ee fir säin eegent „Watt-am -Kapp-Déier“ am Internet fënnt.

18-11-2021 Déierentipps - Romi Roth - Watt am Kapp - Explikatioun