D'Molerin, dem Picasso seng Muse, d'Mamm vu sengen zwee Kanner Claude a Paloma Picasso, déi eenzeg Fra déi sech getraut huet dem Pablo, dem Gigant aus dem 20te Joerhonnert e Kuerf ze ginn. Dofir soll d'Kënschtlerin mussen e ganz héije Präis bezuelen.

26/11/2021 Op den Dag

D'Kënschtlerin, déi sech getraut huet an engem Buch ze schreiwen de Picasso wier launesch an hie géing jidderengem d'Liewe schwéier maachen, deen et mat him gedeelt huet. Seng aner Liewenspartnerinnen hätten sech entweder d'Liewe geholl oder si wieren nieft de Kapp komm. Dat Buch sollt e Bestseller ginn géint dat et souguer eng Petitioun vu Konschtfrënn gouf, déi verlaangt hunn d'Buch ze verbidden. No där Publikatioun iwréiens huet och de Picasso de Kontakt mat senge Kanner Claude a Paloma ofgebrach an de Joerhonnert-Kënschtler huet dofir gesuergt, dass seng fréier Léift kee Fouss méi sollt op de Konschtbuedem kréien. Dobäi war d'Françoise Gilot en Talent wat Unerkennung méi wéi verdéngt gehat hätt. Haut sinn hir Wierker a Sammlungen a Muséeën op der ganzer Welt ze fannen. Am Juni dëst Joer goufe fir hiert Uelegbild 'Paloma à la Guitare' iwwer eng Millioun Euro op enger Stee zu London bezuelt.
Haut feiert d'Kënschtlerin 100 Joer. D'Françoise Gilot, déi de 26. November 1921 am Paräisser Vieruert Neuilly-sur-Seine op d'Welt koum. 10 Joer laang war d'Molerin mam Picasso zesummen. Tëscht deenen zwee gouf et en Altersënnerscheed vu 40 Joer. No der Trennung vum grousse Kënschtler ass d'Françoise an d'USA geplënnert. Huet do de Jonas Salk bestuet, den Entdecker vum Polio-Impfstoff géint Kannerlähmung.