Am Lockdown gouf et déi ongewinnte Situatioun, endlech kee Stau méi. Ma elo mengt een dach, datt de Stau nees deen ass wéi viru Corona? Oder wéi gesitt Dir dat? Mir hu mam RTL Mikro nogefrot.

23/11/2021 Nees méi Stau op eise Stroossen
23/11/2021 Ëmfro: Nees méi Stau op eise Stroossen?

Also eis Befrote kënnen elo net direkt soen, datt sech de Stau nees verschlëmmert huet. Déi hunn dat méi Chance wéi anerer. Ma mir hunn awer och e Fachmann gefrot an zwar de Lex Friederich vum ACL. Méi Stau wéi virun Corona oder ass et just Abildung?

Mir sinn op den Autobunnen elo erëm um Niveau vu viru Corona, mir hu lo déi nämmlecht Auslaaschtung wéi am November 2019!
Doduerch dass d’Autobunnen erëm méi belaascht, zäitweis a streckeweis iwwerlaascht verlagert den Trafic sech och erëm méi op de Reseau secondaire.
Et ass erëm vill Transitverkéier, d’Industrien am In- an Ausland lafen erëm op Volltouren, hunn deelweis och Retarden opzehuelen. Also vill Camionen op eisen Transitaxen speziell A6 an A3 (groussen Unzéiungspunkt Aire de Capellen an Aire de Berchem).
Et ass (gëtt lo erëm vläicht manner wann nach méi Länner an de Lockdown ginn wéi aktuell Éisterräich) och vill Autos-Vakanzen-Trafic. Generell fuere weider vill Leit och hei vu Lëtzebuerg mam Auto an d’Vakanz, manner Zuch/Bus/Fliger).

Elo mengt een dach duerch Home Office misst sech d'Situatioun dach méi entspanen?
Et si wuel nach Leit am Homeoffice, et komme jo awer och all Joer Gefierer bäi. Wa vill Trafic ass, geschitt och méi, lo net onbedéngt schro Accidenter, awer méi. Doduerch entsteet erëm e Stau, d’Leit evitéieren dee Stau a maachen Stau op den Alternativen. Een Accident bréngt och dack en Zweeten mat sech, oft och a Géigerichtung duerch d’Gaffen.
E Chantier mécht lo erëm Stau op den Haaptaxen A3 , A4 , A1/A6 um Stater Contournement etc. PCH ka quasi daagsiwwer op deenen Autobunnen net méi schaffe wou eng Spuerespär néideg ass. De Chantier mécht direkt Stau. Am Stau geschéie gären Accidenter well net opgepasst gëtt, Handy etc... dann ass alt erëm 1 Spuer zou an et staut.

Déi accidentéiert Gefierer kënne meeschtens nach fueren. Vill Leit bleiwen awer op der Fuerspuer stoe bis d’Police do ass. Dat dauert a sou laang staut et. D’Rettungsgaass gëtt net ëmmer gemaach, d’Rettungsdëngschter kommen net séier op d’Plaz, d’Dépanneusen och net, et ka net séier geraumt ginn, an sou laang staut et... etc etc...

Et ginn aktuell vill Chantieren, net nëmme Stroossechantieren, och vill Privater wou gebaut gëtt. Dack alt erëm rout Luuchten wann eng Traversée gemaach gëtt.
Onst d’Stroossen-Netz ass esou feinmascheg, wa mir ee Lach zoumaachen, da brécht meeschtens op der Alternative de Verkéier zesummen.
Eng Autobunn zou den Dag iwwer, a scho steet de Buttek iwwerall ronderëm..

Beispill :
Ech hat e Mann deen sech opgereegt huet vum Kierchbierg erof op Weimeschkierch géing den Owend iwwerhaapt näischt goen... meng Äntwert : Accident op der A13 a Richtung Schengen zu Fréiseng, d’Autobunn ass de Moment gespaart!
Do mengt ee jo ech hätt se net méi all , mee ganz einfach :
Op der A13 vun de ganzen Trafic zu Helleng misste vun der Autobunn eroffueren, do hate mer an e puer Minutte Réckstau op d’Beetebuerger Kräiz op d’A3. 10 Minutte méi spéit war d’A3 voll bis op d’Gaasperecher Kräiz, den Trafic vun der A1 koum net erof a stoung séier zréck bis an den Tunnel Houwald, no 15 weidere Minutte bis op de Kierchbierg. Den Tunnel Serra huet missten zougemaach ginn, aus Sécherheetsgrënn fir kee Stau am Tunnel ze hunn. Et voilà, Stau um Kennedy et alentours, d’Leit sichen no Alternativen a fueren iwwer d’rout Bréck oder eben iwwer Weimeschkierch!

An engem Accident geschitt och dacks e weidert Accident , en Opfueraccident well een net opgepasst huet. Da provozéiere Pannen och e Stau.cDann Rettungsgaassen, déi net gemaach, maachen och datt de Stau méi laang dauert.

Iergendwéi sinn ëmmer Autoen op der Strooss?

Et gëtt nach d'Rushhoueren, wéi Moies vun +-07h00 bis +- 09h30 – Mëttes/Owes vu +- 16h00 bis +- 19h00.  Moies virun allem a Richtung Stad et Alentours – Owes a Richtung Grenzen. Mee dotëscht sinn och ganz vill aner Deplacementer .....
 
Tjo, elo hu mir d'Erklärung. Wat maachen?
Wann et geet op den ëffentlechen Trafic zréckgräifen, och wierklech oppassen am Trafic fir Accidenter ze evitéieren (net op den Handy kucken oder sech soss oflenke loossen), Rushhour evitéiere wann et méiglech ass, och onnéideg Trajete vermeiden an no sengem Auto kucken, datt en net en Panne fält an dann hënnert an e Stau provozéiert.