Déi niwweleg Saison ass amgaang an elo heescht et besonnesch virsiichteg fueren. Wann den Niwwel e bësse méi extrem gëtt, sollt ee sech dann och nach vergewësseren, dass ee weess wéi a wéini een d'Niwwelluuchten umécht. Bei manner wéi 100 Meter sollen déi déi viischt Luuchten u sinn, bei manner wéi 50 Meter déi Hënnescht. Dir musst awer och oppassen, dass dir se net weiderhin uloosst, esou den André Schaack, Chefkommisär vum Service national de circulation et de sécurité routière bei der Police.

24/11/2021 Wéi kënnt een am Beschten duerch de Niwwel

André Schaack: Et ass och esou, dass et keng Obligatioun hei zu Lëtzebuerg gëtt, dass een Niwwelluuchte muss umaachen. Niwwelluuchte kënnen zousätzlech ugemaach ginn a wann een d'Luuchte fälschlecherweis umécht, obschonn et net richteg ass d'Niwwelluuchten unzemaachen, kascht dat deemno wéi et ass fir vir oder fir hannen eben 49 oder 74 Euro. Déi hënnescht Niwwelluucht ass Luucht, déi wesentlech méi hell ass an dowéinst och riskéiert, aner Leit ze verblenden, déi hannert engem fueren, an dofir ass et och wichteg drun ze denken déi Luucht, wann d'Siicht manner wéi 50 Meter ass, unzemaachen a wa se méi wéi 50 Meter ass, se erëm auszemaachen.

Och wann d'Niwwelluuchte keng Flicht sinn, heescht dat net, dass dir se elo onbedéngt aus sollt loossen. D'Suitte dovunner kënne ganz uerg sinn.
André Schaack: Et si generell net méi Accidenter wann Niwwel ass, et kann awer emol sinn, dass Accidenter méi schlëmm sinn, a besonnesch op der Autobunn, soll een un de Phänomen vun der Massekarambolage denken. Déi geschéien alt mol gäre wann Niwwel ass an do sollt een einfach drop oppassen. Dat heescht en Appell vun der Police: Wann Niwwel ass soll een einfach seng Distanze vergréisseren, et muss een d'Vitesse erof setzen an et soll een ebe kucken éischter doheem fortzefueren. Et ass eng geféierlech Situatioun an domadder sollt een ebe rechnen.

Fir eng besser Siicht ze hunn, sollt een awer och d'Glace propper halen, bausse wéi bannen. Virun allem wann een am Auto fëmmt, kann den Damp op der Windschutzscheif d'Siicht verschlechteren. D'Glas kann ee mat engem Läppche ganz einfach propper maachen. Zum Schluss huet de Frank Maas vum ACL nach e wichtegen Tipp fir iech.
Frank Maas: Et ass ganz wichteg, dass ee bei Niwwel net am Automatik Modus soll fueren, mee et soll een d'Luuchte ëmmer manuell umaachen. De Grond heifir ass, dass de Liichtsensor den Niwwel net erkennt an dann d'Luuchten och net uginn. Dat ass natierlech och de Grond, firwat een dacks Autoen am Niwwel fuere gesäit, déi guer keng Luucht un hunn.

Denkt dann awer och wierklech drun, d'Niwwelluuchten erëm aus ze maachen, wann dir se net méi braucht oder vläicht am Stau stitt. Den Automobilist hannert iech, wäert iech dankbar sinn.