Bei den Hausdéieren ass et wéi beim Mënsch. Wann en net a Form ass, d'Läpper hänke léisst a keng Loscht huet fir iergend eppes ze ënnerhuelen ass dat e kloert Zeechen dass eppes net stëmmt. Et muss ee just nach erausfannen wat, an déi Aarbecht iwwerloosse mer der RTL Déierendoktesch Romi Roth.

De Lou, e wonnerschéine Ritt vun der Rass Magyar Viszla war nët gutt. Wann de 6 Joer ale Mupp op de Canapé sprange wollt, huet e matten am Ulaf haart gejaut an ass da léiwer um Tapis bliwwen. Beim spadséiere goen huet en e Bockel wéi eng Kaz gemaach a seng Leit un der Léngt erëm mat heem gezunn. Wéi en dunn och nët méi friesse wollt, huet seéng Famill hien emol an d´Praxis bruecht. Well de Lou nët kastréiert an eng Mudder aus der Noperschaft schwéier leefeg war, gouf fir t´éischt u Liebeskummer an de Misär geduecht, deen e vitale Ritt dann och kierperlech kréie kann. Eng Entzündung vun der Prostate wier eng plausibel Explikatioun fir seng Symptomer gewiescht am mat enger Kastratioun liicht ze behandelen.

23-11-2021 Déierentipp - Romi Roth - Niereproblemer

Seng Leit wieren awer iwwert déi Diagnos vläicht manner frou gewiescht?

Neen an d´Prostate war och normal. De Laboswäerter an der Ultraschallënnersichung no hat eise Patient eng béidsäiteg Nierenbeckenentzündung. Well dat ganz séier eng definitiv CNI, eng Chronesch Niereninsuffizienz maache kann, huet de Lou hellewech missen hospitaliséiert an intensiv behandelt ginn. Fir Déiere gëtt et nach keng praktikabel Dialysemodeller, dowéinst gëtt bei esou engem Honnspatient da ganz vill intravenéis gebaxtert. De Lou hat Chance: no e puer Deeg ware seng Nierenwäerter scho besser an hien konnt mat engem spezielle Nierenfudder an engem Kontroll-Protokoll fir all Woch déi nächst puer Méint, erëm heemgoen.

23-11-2021 Déierentipps - Romi Roth - Niereproblemer oder Prostate