Wësst Dir wou Mauretanien läit? Dat risegt afrikanescht Land besteet zum gréissten Deel aus Wüüst a Plastikstute sinn hei guer net gär gesinn. Haut feieren d'Mauretanier hiren Nationalfeierdag.

28/11/2021 Op den Dag: Mauretanien

Déi Islamesch Republik Mauretanien läit am Nordweste vun Afrika, direkt um Atlantik, a grenzt un Algerien, Mali, Senegal a Westsahara.
D'Land ass iwwert 1 Millioun Quadratkilometer grouss an huet eppes méi ewéi 4 Milliounen Awunner, deemno komme 4 Awunner op de Quadratkilometer. Am Verglach mat eis liewen a Mauretanien gutt 6 mol méi Mënschen, d'Land ass awer bal 400 mol méi grouss ewéi Lëtzebuerg.
All 4. Mauretanier wunnt iwwregens an der Haaptstad Nouakchott. 4/5 vun der Populatioun lieft op 15% vun der Landesfläch, vrun allem am Süden.

RTL

© Andromachos Dimitrokallis / pixabay

D'Populatioun besteet aus quasi 100% sunnitesche Moslemen, déi offiziell Sprooch ass Arabesch, et gëtt awer och Franséisch geschwat. Frankräich huet d'Land virun 100 Joer als Kolonie regéiert, nom 2. Weltkrich gouf Mauretanien eng Iwwerséiprovënz a Member vun der Union Française. An den 28. November 1960 krut d'Land, trotz alle Fusiouns-Beméiunge vum Noper Marokko, seng Onofhängegkeet.
Mauretanien ass nawell eent vun der äermste Länner vun der Welt, vill Awunner kënnen net liesen a schreiwen an Internet gëtt et nëmme ganz vereenzelt. Dee wichtegste Réistoff an Exportartikel ass Eisenäerz, dat mat enger eenzeger Eisebunnslinn vum Norden, wou et ofgebaut gëtt,  duerch d'Sahara an eng Hafestad transportéiert gëtt.
Nodeems 2005 an 2008 2 mol d'Arméi geputscht hat, regéiert zanter 2019 de President Mohamed Ould Ghazouani.
Mauretanien gëtt sech extrem ëmweltbewosst an ass weltwäit Virreider am Kampf géint de Plastik. Esou riskéiert all Awunner awer och Tourist, dee mat enger Plastikstut op der Strooss gesinn an erwëscht gëtt, eng zolidd Bouss vun op d'mannst 200 €  ...

RTL

© GoogleMaps