Wien u Regime denkt, bréngt direkt Verzicht an hongereg sinn beieneen. Ma dat muss awer net sinn. Wien ofhuele wëll, soll scho moies mat iessen ufänken. De Jeff Rossler weess méi.

24/11/2021 Moies iesse fir ofzehuelen (Internet)

Wichteg: Moies sollt een net aus dem Haus goen ouni eppes giess ze hunn. Ma vill Leit vun eis iessen eréischt um Wee fir op d'Schaff eppes. Dann zielt Dir leider zu deenen, déi da méi ufälleg sinn fir de géien Honger. Ënnerwee gëtt méi séier giess an déi Snacke sinn dacks dach ongesond. Grad esou schlecht, ass guer näischt iessen: Wien hongereg ass, konzentréiert sech méi schlecht, kënnt generell net esou gutt duerch den Dag an et hëlt een op eng ongesond Manéier of. An dat féiert zu kengem laangwieregen Erfolleg.

Wat kann ee moies dann am beschte iessen? Den Helmut Fastl vun der Ofhuelpraxis Slimkonzept aus Karlsruhe huet eng Lëscht mat gesondem Iesse opgestallt fir gutt an den Dag ze starten. Huewerflacken mat engem Jughurt sinn z.B. eng gutt Kombinatioun, mat wéineg Fett an Zocker. Fir méi Goût kënnt dir och e bëssen Uebst dra mëschen. Mee net zevill: Am Uebst ass Fruktoos, also Fruuchtzocker. Wann een däers ze vill ësst, geet dat och op d'Gewiicht. Dowéinst ass et och net esou gutt, ze vill Smoothien ze drénken. Besser ass et op déi fest Form vum Uebst oder e bësse méi Geméis zeréckzegräifen.

Wann dir eng Schmier wëllt, dann huelt léiwer Vollkarbrout. Dat siedegt de Mo besser a méi laang. Op d'Schmier kann een ee moere Stoffi oder Kéis mat Gewierzer dropmaachen oder e bëssen Uebst, wéi Banann zum Beispill fir eng méi séiss Schmier. Eeër sinn och ideal fir moies ze iessen, virun allem d'Eewäiss. Eng Eeërtriwwel mat engem ganzen Ee, zwee Eewäisser an e puer Gewierzer ass z.B. e gudde Plat. Moies si virun allem Kuelenhydrater wichteg, wat den Dag méi spéit ass, desto manner sollt een där iessen.

Wann een dann an den Dag gestart ass, sollt een och ëmmer drun denke genuch Waasser ze drénken. Dat hëlleft méi beim Ofhuelen oder Gewiichthalen wéi ee mengt.