Fir d'Chrëschtzäit ginn et Joer fir Joer nei Trends. Dat fänkt bei de Faarwe vun de Chrëschtbullen un an hält bei gudde Saache fir z'iessen op. An dësem Artikel stelle mer de Chrëscht-Smoothie, den Adventskalenner, awer och Moud vir, déi dëst Joer op Chrëschtdag ugesot ass.

25/11/2021 Verréckten Trends fir Chrëschtdag

Den Adventskalenner ass net nëmmen eppes fir Kanner. Och déi Erwuessen kënne mat esou eppes Freed un der Saach hunn. Fréier war de Schockela, deen do dra war net wierklech gutt an et huet ee scho misse méi déif an Täsch gräifen. Ma et muss net ëmmer Schockela sinn. Mëttlerweil ginn et Adventskalenner mat Chipsen, Kosmetik oder och Béier. Et ginn esouguer Entreprisen, déi bidden engem e Kalenner mat personaliséierte Fotoen un. Eng flott Iddi fir ze verschenken, un d'Schwéiermamm.

Ma och Rezepter sinn ëmmer wëllkomm. Dëst Joer ass et dann e Chrëscht-Smoothie, deen no Liefkuch schmaacht. Et kommen Äppel, Drauwen, Bieren, Banannen a Kakao dran. Fir dat Ganzt ofzerënnen, kommen dann nach Cashewnëss an eng Portioun Liefkuch-Gewierz dran.

Ugly-Christmas-Sweater sinn dann och dëst Joer erëm ugesot. Fir all déi, wou net wëssen, wat gemengt ass, et geet ëm déi grujeleg Pulloveren, op deem meeschtens e Motiv vun engem Rendéier oder engem Chrëschtbeemchen drop ass. Esou soll Distanz zum Kitsch vum Fest zum Ausdrock bruecht ginn.
 
An da ginn et nach déijéineg, déi kuerz viru Chrëschtdag dofir suergen, dass eis Kaddoe mat Zäiten ukommen. Wie vill am Internet bestellt, ka sech dem Livreur vis-à-vis och erkenntlech weisen. Einfach emol frëndlech d'Dier opmaachen an e klengt Drénkgeld loossen. Virausgesat, dat mam Liwwere vun de Päck huet geklappt.
 
Fir déi Kleng a Stëmmung ze bréngen, kann een dann elo schonn an de Kino goen. Do leeft nämlech deen neiste Film vun Disney, den Encato. Am Film geet et ëm eng Famill, déi an de Bierger vu Kolumbien wunnt. Am Animatiounsfilm geet et drëms, wéi et ass, Aussesäiter ze sinn. Wéi du Gefor opkoum, kënnt eng grouss Aufgab op si duer.

Dëse Film ass dann och op Hellegowend bei Disney+ am Programm ze gesinn.