Gréngs mat Beem suergen an de Stied fir kill Temperaturen. Et ass duerch Verdonstung dass op Plaze mat Beem méi kill ass, wéi op Plazen wou just e Park mat Wues ass. Dat beweist eng Etüd, déi vun der Uni vun Zürech gemaach gouf. 

25/11/2021 Beem kille besser- De Reportage vum Radio

De Moment ass et kal genuch. Ma am Summer bei héijen Temperaturen wënscht sech deen een oder aneren eng kleng Ofkillung. Dobaussen kann Natur dat selwer kontrolléieren. Et gëtt awer eng Viraussetzung.

Et musse Beem do sinn. Dat weist d'Etüd vum däitschen Geoökolog Jonas Schwaab. Zesumme mat engem Team vun der Uni vun Zürech hu si festgestallt, dass Parke mat Wiss an / oder Blummen 2 - 4 Mol manner killen wéi Parke mat Beem. Fir dat ze moossen goufen Donnéeën vu 293 europäesch Stied ënnert Lupp geholl. Fir d'Uewerflächentemperatur kënnen ze moossen, huet een och mat Satellitte geschafft. Den Ënnerscheed tëscht, soe mer mol, Parke mat an ouni Beem ass däitlech ze gesinn an dat läit drun, dass Beem mat hiren zum Deel déiwe Wuerzelen méi Waasser ophuele kënnen an dat muss jo spéider verdonsten.

Den Temperaturënnerscheed ass grouss.

Et gouf am ganzen europäesche Raum gemooss gouf. Et mécht jo och en Ënnerscheed op Haiser bei de Beem stinn oder net. An Däitschland, Schwäiz, Éisträich, Holland, an der Belsch sinn déi Plazen wou d'Konditiounen stëmmen ëm 8 - 12 Grad méi kill. Et ass awer och wichteg ze betounen, dass et sech hei ëm Uewerflächentemperatur handelt. Wat ee méi no bei de Buedem kënnt, wat den Ënnerscheed tëscht den Temperaturen méi kleng gëtt. Och a Südeuropa ass d'Verdonstung net esou grouss, hei ass de Bueden deelweis einfach ze dréchen.

Et mussen also erëm méi Beem doruechter geplanzt ginn! Et ass jo allgemeng gewosst dass dat nëtzlech Geselle sinn. Dr Jonas Schwaab schreift awer och, dass ee muss oppassen.

Beem planzen ass sécher gutt a grad an den haitegen Zäiten wichteg. Den Här Schwaab preziséiert a senger Etüd awer och, dass et elo kee Sënn mécht iwwerméisseg vill Beem an der Stad ze planzen. Sti se op der falscher Plaz, kann et souguer dozou kommen dass keng kill Loft méi an Stad kënnt. Et misst een op deem Plang nach weider Analyse maachen.