Kennt Dir dat och, esou kuerz virum Schlofe goen nach Gloscht op e klenge Snack? Do sollt dir awer oppassen wat dir da schneekt. Just well se gutt schmaache, si se net ëmmer gutt fir de Kierper. Wat hannert dem klengen Honger stécht a wéi eng Snacks awer gesond sinn, weess de Jeff Rossler.

25/11/2021 Gesond Snacks fir owes (Internet)

D'Ernärungswëssenschaftlerin Kathleen Alleaume fënnt 2 Erklärunge fir de spéiden Honger: De Bluttzockerspigel oder den Duuscht. Wann een 2 Stonnen nom Owesiessen Honger verspiert, muss een net onbedéngt hongereg sinn. E Glas Waasser, en Téi oder eng waarm Mëllech kéinten dëst Hongergefill verschwanne loossen. Wann ee säi Bluttzockerwäert ënner Kontroll kritt, gëtt de Risk och méi kleng fir Owes de géien Honger ze kréien. Wann een iwwert den Dag verdeelt reegelméisseg eppes ësst oder drénkt, sollt dëst kee weidere Problem sinn.

E klenge Snack muss awer net schiedlech sinn, soulaang et just eng kleng Portioun ass an een deen lues an ouni Oflenkung ësst. Eppes Guddes Tëschenduerch sollt idealerweis eng Kombinatioun aus Proteinnen a Kuelenhydrater sinn. Och wann et ëmmer nees Trend gëtt, Kuelenhydrater wechzeloosse, si se awer wichteg, fir dass de Kierper déi Chemikalie produzéiert, déi fir e gudde Schlof suerge, wéi z.B. d'Gléckshormon Serotonin. Fir säi Bluttzocker besser an de Grëff ze kréien, sollt een éischter op raffinéiert Stäerkt an Zocker verzichten.

E gudde Snack fir den Owend ass zum Beispill griichesche Jughurt mat e puer Bieren. Nieft dem Eewäiss, ass do och Kalzium dran, wat de Knachen gutt deet. Och e bëssi Cottage Cheese kann de klengen Honger kleng kréien. Och en haartgekachtent Ee ass de perfekte Cannapee-Snack. Äppel- a Bierescheiwe sinn ze recommandéieren, och gedréchent Äppelscheiwe komme gutt un. Huewerflacken verschafft a sougenannte Proteinnbulle kann een nach nennen. An déi bekannte Chips kann een duerch e Grapp voll Nëss oder e bëssen einfachem Popcorn austauschen. Popcorn iwwerrascht vläicht, mee wann ee net grad Salz oder Botter drop mécht, sinn do gutt Proteinnen a Ballaststoffer ze fannen, déi dem Kierper gutt dinn.

Do derbäi sollt een owes dem Schockela, Kaffi oder schwéiere Moolzechte aus dem Wee goen. Déi suergen éischter fir e méi onrouege Schlof.