De Reschtoffall esou gutt wéi méiglech reduzéieren. Dat ass de But vun der SDK fir Residenzen. Wéi muss ee sech dat virstellen, wie kann do matmaachen a wat ass d'Resultat um Enn?

25/11/2021 Sdk - Residenzen

D'Aufgab ass: D'Syndicen an d'Bewunner ze sensibiliséieren an ze informéieren wéi ee System muss en Place gesat ginn. Gesammelt gëtt Kartong a Pabeier, Glas, Bio, Problemproduiten wéi den Elektroschrott an natierlech de Reschtoffall.

Et geet drëms dass esou mann wéi méiglech an déi schwaarz Poubelle flitt.

Domat spuert een net nëmme Suen et ass och nach bequem an am Offallraum ass méi Plaz. Dernieft ass een och nach Konform zum Offallgesetz aus dem Mäerz 2012.

D'Engagement vun der Residenz kann dozou féieren dass een de Label vun der Superdreckskëscht kritt. Eng Leeschtung op déi all eenzele Bewunner ka stolz sinn.

Fir méi iwwert de Projet gewuer ze ginn, kann ee ganz bequem op residenzen.sdk.lu. Et ass och wichteg Récksprooch mam Syndic ze halen. A ville Fäll këmmert sech de Syndic ëm de Rescht vun de Prozeduren.

SuperDreckskëscht fir Residenzen:

SuperDrecksKëscht um Facebook:

SuperDrecksKëscht op Instagram:

SuperDrecksKëscht op Youtube:

SuperDrecksKëscht: