Mam Black Friday fänkt offiziell dat grousst Chrëschtdags-Geschäft an den USA un. Vun do kënnt déi Traditioun och. D'Amerikaner kafen virun allem online op dësem Freiden, grad ewéi um Cyber Méinden mat deem déi nächst Woch ugeet. De grousse Gewënner heescht fir déi Deeg och Amazon. An dat lescht Joer sollt dann, pandemiebedéngt, den absolutte Rekord schloen. An Europa, och zu Lëtzebuerg ginn et fir de Black Friday awer och vill Reklammen an de Geschäfter.

26/11/2021 Black Friday 2