Gëschter war den éischten Advent an domadder huet déi méi feierlech Zäit ugefaangen. Fir sech an d'Stëmmung ze bréngen waren vill Leit op de Been, sief et um Bazar International um Kierchbierg oder op engem vun de villen Chrëschtmäert uechter d'Land. D'Leit hu sech et net huele gelooss fir an d'Ambiance eranzekommen, och wann d'Wieder éischter sabbeleg gro wéi schéin sonneg war.

29-11-2021 Adventsstemmung