Haut den Owend ass et esou wäit, dat gëtt de Lëtzebuerger Filmpräis iwwerreecht, den éischten zanter 3 Joer an den 9. a senger Geschicht. Nodeems d'Editioun 2020 wéinst der sanitärer Kris verluecht gi war, ass de Rendez-Vous den Owend ëm 8 Auer am Groussen Theater an der Stad. Den Tim Morizet mat den Detailer.

26/11/2021 Lëtzebuerger Filmpräis 2021

Organiséiert ass d‘Evenement vum Lëtzebuerger Filmfong. D‘Nominatiounen an d‘Gewënner gi vun der Lëtzebuerger Filmakademie erausgesicht. Dat ass relativ nei. Eréischt zanter dësem Joer gëtt am „2-Tier“ System verfuer, esou den Yann Tonnar, President vun der Akademie.„Dat heescht all déi Filmer déi ageschriwwe ginn an och eligibel sinn déi ginn an en éischten „Tour de vote“. Dat ass amfong de Fonctionnement vun allen Akademien an Europa et ass och de Fonctionnement vun den Oskaren, datt een déi 2 Tier huet.“

Ëmmer méi Produktiounen, ëmmer méi Kategorien komme bei de Filmpräis dobäi, esou de Guy Daleiden, Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong.

„Esou, datt de Sënn an Zweck vum Filmpräis nach ëmmer deen nämmlechten ass. Dat heescht d‘Excellenze vum Lëtzebuerger Kino ervir ze sträichen. Mir hunn iwwert déi lëscht Joren och ëmmer méi Kategorien bäikritt. Mir hu mat enger hallwer Dosen ugefaangen. Elo sinn et der vill méi.“

81 Produktiounen waren eligibel. Nominéiert sinn insgesamt 40 Produktiounen a 14 Kategorien.

D‘Lëtzebuerger Serie Capitani, déi och op RTL gelaf ass an aktuell op Netflix erëmzefannen ass, gouf direkt 5 mol fir de Lëtzebuerger Filmpräis nominéiert. Dorënner 2 mol fir bescht männlech Roll, 1 mol fir bescht weiblech Roll, an déi bescht TV- a Medieproduktioun.

Nieft dem "Superjhemp retörns", dee fir dee beschte Lëtzebuerger Spill- oder Animatiounsfilm nominéiert ass, ass och de beléiften Animatiounsfilm Wolfwalkers an d'Saison 2 vun der Serie "Bad Banks" direkt e puer mol op de Lëschte vertrueden.

Do dernieft ginn et nei Kategorien, ewéi de Präis fir déi bescht erweidert Realitéit. De Guy Daleiden.

„Also Filmfong ënnerstëtzen mir schonn zanter e puer Joer déi virtuell Realitéit. Mir schaffen do och scho mat eise Kolleege vun Neimënster wou mer dann och am Kader vum Filmfestival Ausstellungen hunn.“

D‘Iwwerreechung vum Filmpräis den Owend am Groussen Theater gëtt fir eng éischte Kéier live gestreamt, an dee Stream gesitt Dir natierlech och bei rtl.lu an dat vun 20 Auer un.