Frou mat Gittar? Frou mat Flamenco? 2 mol Jo? Da musst dir muer an d'Kulturfabrik op Esch.

De Manuel de la Luz, gebierteg vun Huelva, dat ass am Südweste vun Andalusien, ass viru 7 Joer op der 18. Bienal de Flamenco zu Sevilla als ee vun de beschte Flamenco Gittaristen op dësem Planéit opgetrueden. Muer den Owend ass de Manuel de la Luz an der Kulturfabrik fir säin 2. Album Mi Clave virzestellen. Am Kader vun deem Concert ass den Dag duerno, e Samschden, e Workshop am Siège vum Círculo Cultural Español Antonio Machado, déi de Concert zesumme mat der Kufa organiséieren, an der Stroossbuerger Strooss an der Stad. Dee Workshop dauert 60 Minutten, duerno nach 30 Minutte an deene sech Gittar a Gesang méi no kommen. Dat ganzt kascht 40 Euro. D'Diere fir de Concert muer den Owend zu Esch ginn um 19:00 op, d'Show fänkt um 20:00 un.