Aktuell si mer an där Zäit wou vill Wëld-Accidenter geschéien, wéinst der Wiedersituatioun awer och well mer an der Saison vun de Klappjuegten sinn. Wie muss fir de Schued opkommen wann een e Wëld mam Auto ze pake kritt? Wat ass den Ënnerscheed tëscht engem wëllen Déier an engem Déier wat e Proprietär huet? De Maître Jean-Jacques Schonckert erkläert.

26/11/2021 Fro un den Affekot: Oppassen op Wëld

Aktuell si mer an där Zäit wou vill Wëld-Accidenter geschéien, wéinst der Wiedersituatioun awer och well mer an der Saison vun de Klappjuegte sinn. Wie muss fir de Schued opkommen wann een e Wëld mam Auto ze pake kritt? Wat ass den Ënnerscheed tëscht engem wëllen Déier an engem Déier wat e Proprietär huet? De Maître Jean-Jacques Schonckert erkläert mol de Fall, wann ee elo e Wëllschwäin ze pake kritt.

26/11/2021 Oppassen op Wëld 1

E wëllt Déier gehéiert kengem an ass eng Saach am Fong, déi et net gëtt. Dat heescht et ass och keen dofir verantwortlech an da kann och keen dofir verantwortlech gemaach ginn. Wann Dir en e Réi oder Wëldschwäi rennt, da sidd Dir verantwortlech a musst och selwer fir äre Schued dofir opkommen.

Wat ass et da mat Assurancen, déi een dofir ka maachen?

26/11/2021 Oppassen op Wëld 2

Hautzedaags kommen d'Assurancen dofir op, et mussen awer och do verschidde Konditiounen erfëllt sinn, dat heescht de Wëldschued och dokumentéieren. Soss kéint jo jiddereen esou kommen. Dat ass mol dat eent an dat anert ass, et muss och wierklech e Wëldschued gewiescht sinn. An déi grouss Ausnam ass, wann eng Klappjuegd ass an deen, deen dat organiséiert hätt vergiess dat ze signaliséieren, da kann ee soen, do ass deen, dee fir d'Klappjuegd verantwortlech ass. Dat ass en interessante Fall, deen awer éischter seelen ass, well een dach do virsiichteg ass.

Wann een dann awer elo e Päerd, eng Kou oder en Hond ze pake kritt, dann ass et anescht ...

26/11/2021 Oppassen op Wëld 3

Well dat Déier gehéiert engem, also ass do och laut dem Artikel 1385 vum Code civil de Proprietär haftbar. Dat heescht, wann dat Déier fortleeft aus enger Perche oder soss wou, dann ass de Bauer oder de Proprietär dofir haftbar. Wat awer net heescht, datt net all Chauffer säin Auto zu all Moment kéint uhalen, do muss een da méi genee kucken.

Also hei ass de Prinzip opgehuewen, datt kee verantwortlech ass bei elo beim Wëld, de Proprietär kënnt do an d'Spill.