Et ass fir déi 12. Kéier, dass de Festival Cinéma du Sud elo ass. Dës Kéier ënnert dem Motto: "Act Now - Face the Change." E Projet, dee vun e puer ONGe gestart gëtt. Do gi Filmer gewisen, déi e Bléck an d'Welt vum Benevolat geheien; do trëfft et sech gutt, dass dëse Sonndeg dann och de Weltdag vum Benevolat ass. Mat deem Film, deen um Festival gewise gëtt, ginn ënner anerem déi Leit geféiert, déi sech an deem Beräich asetzen. D'Lea Schwartz mat den Detailer.

02/12/2021 Film "Bigger than Us"

Vill Probleemer op der Welt, wéineg Léisungen, esou kënnt et engem op manst mol heiansdo vir. Do kann een sech och mol e bëssen iwwerwältegt fillen, vun all deenen Erausfuerderungen, déi et op eisem Planéit gëtt. Ma genee där Hëlleflosegkeet wëllt déi 12. Editioun vum Cinéma du Sud mat hirem Motto eppes entgéint setzen "Act Now- Face the Change".

RTL

© Cinéma du Sud

Domadder wëllen si net just op d'Drénglechkeet opmierksam maachen, déi et bei verschiddene Probleemer op der Welt gëtt, mee mam "Face the Change" och dofir sensibiliséieren, dass een deem net muss passiv entgéint stoen, mee och aktiv eppes maache kann. D'Chantal Winandy vun der Kindernothilfe Luxembourg, eng vun 10 Organisatiounen, déi um Projet bedeelegt sinn.

Chantal Winandy: Dat heescht, dat wat mir domadder wëllen ausdrécken ass, dass mir alleguerten Actor of Change sinn, et mengt een oft, dass déi Verännerungen, déi ronderëm eis stattfannen esou grouss sinn, dass deen eenzele souwisou näischt ka maachen. Mee mir soen "Face the Change". Kuck dir en un, mee probéier dat ze maachen, wat s du kanns maachen, fir en esou ze gestalte wéi et dir gefält. Fir eng méi gerecht Welt, fir eng solidaresch Welt, a méi wéi eng nohalteg Welt.

Am Prinzip ginn um Cinéma du Sud ëmmer e puer Filmer gewisen. Dës Kéier ass et awer just een. De Film "Bigger than us" ass dëst Joer rauskomm an ass regulär am Programm gelaf. Elo kann een en nach eng Kéier dëse Sonndeg kucke goen. Dat besonnescht ass dann och, dass een no der Virstellung eng Méiglechkeet huet, sech mat deene verschiddenen ONGen auszetauschen, déi um Projet bedeelegt waren. D'Ziel vum Projet ass et d'Leit ze motivéieren an ze inspiréieren, sech vläicht och selwer ze engagéieren.

Chantal Winandy: Beim Cinéma du Sud geet et dorëms duerch de Medium Film un d'Nodenken ze bréngen. Et geet net dorëms mam Fanger op d'Leit ze weisen, mee et geet eis dorëms duerch déi Filmer ze weisen: Hei dat geschitt op der Welt, dat ass méiglech a vläicht wëlls du eng Kéier doriwwer nodenken a wëlls och selwer aktiv ginn. Doduerch, dass du dat och selwer gesinn hues. Dat ass bëssen d'Iddi vum Cinéma du Sud.

De Film, deen dës Kéier gewise gëtt, erzielt d'Geschicht vum Melati, enger jonker Fra, déi sech benevol dofir agesat huet, dass Plastikstuten an hirer Heemecht Indonesien verbuede ginn. Zesumme mat der Realisatrice Flore Vasseur, déi si bei engem anere Projet kenne geléiert huet, mécht si sech op d'Sich no anere Benevollen, déi sech fir eng gutt Cause asetzen. Am Film begéine si 7 Jonker, déi sech all op hir Manéier fir déi verschiddenst Themen engagéieren. 

Sief et d'Fraerechter am Malawi...

RTL

© BIGGER THAN US

...géint de Klimawandel an den USA...

RTL

© BIGGER THAN US

...oder d'Educatioun vu Flüchtlingskanner a Jordanien.

RTL

© BIGGER THAN US

 A si sinn all tëscht 12 an 20 Joer al.

RTL

© BIGGER THAN US

Chantal Winandy; Grad och mir hu viru Kuerzem réischt d'Journée internationale des Droits de l'enfant gefeiert. Mir hunn réischt viru Kuerzem d'Kanner gefeiert. An wéi wichteg, dass et ass, dass mir déi jonk Stëmmen héieren. Dass mir deene Jonken d'Chance ginn sech ze engagéieren. An, dass si kënnen deelhuelen un der Gesellschaft. An an dësem Film gesi mir wierklech déi Puissance, déi Power vun deene Jonken, a wat ka geschéien, wann si wierklech dee Raum kréien, fir d'Gesellschaft matzegestalten. An deen Elan wëlle mir och mathuelen an de Schluss vum Joer an och an dat neit Joer mat ran. Fir wierklech ze weisen, et ass alles méiglech, och wann dat elo ganz kitscheg kléngt. Am Film gesi mir ganz reell, wat dat heescht wann een sech da wierklech fir esou eng Cause asetzt.

De Film leeft an der Originalversioun op Englesch mat franséischen Ënnertitelen am Ciné Utopia um Lampertsbierg dëse Sonndeg um véier Auer. Tickete kritt ee ganz normal an der Kees oder online. 

Hei fënnt een d'Ticketen online:

Bei dëser Editioun ware folgend Organisatiounen bedeelegt.

Action Solidarité Tiers Monde (ASTM),

Aide à l’Enfance de l’Inde et du Népal (AEIN),

Chrëschte mam Sahel,

CITIM,

Fondation Follereau Luxembourg,

Iles de Paix Luxembourg,

Kindernothilfe Luxembourg,

Les Amis du Tibet Luxembourg,

SOS Faim und Unity Foundation.