Dëse Sonnde gëtt déi éischt Käerz um Adventskranz ugefaangen, iwwerhaapt ass et déi Zäit an där méi Käerze brennen, dat wëssen se och bei de Pompjeeën. De Lieutenant Colonel Alain Klein, Chef vum Departement Preventioun beim CGDIS mat e puer wichtegen Informatiounen déi am beschten all Joer viru Chrëschtdag op en Neits erëm rappelléiert ginn.

26/11/2021 Wat maache wann den Adventskranz a Brand geréit?

Dëse Sonnde gëtt déi éischt Käerz um Adventskranz ugefaangen, iwwerhaapt ass et déi Zäit an där méi Käerze brennen, dat wëssen se och bei de Pompjeeën. De Lieutenant Colonel Alain Klein, Chef vum Departement Preventioun beim CGDIS weess dat an där Zäit dann och dacks vill kleng Bränn entstinn, ma op wat soll een dann uecht dinn, elo konkret mam Adventskranz?
Beim Adventskranz muss een oppasse wou e steet, net ze no bei Riddoen oder bei enger Deko aus Pabeier, Watt oder Saachen, déi liicht brennbar sinn. Dee soll einfach fräi do stoen. Och wann en ofbrennt, soll een oppassen, datt d'Käerzen um Schluss net un d'Deko um Adventskranz kommen. E soll och net op enger brennbarer Ënnerlag stoen, wéi Pabeier, Kartrong oder eng Dëschnapp, besser ass do Glas oder eng metalle Plack, eppes wat fest ass. Am beschten um Dësch selwer.

D'Käerzen sollen net ëmfalen a beschtens verankert sinn, och den Adventskranz net eleng loossen an seng Kanner an d'Déieren am A hunn, well wann en Adventskranz ufänkt mat brennen, virun allem wann e scho méi dréchen ass....
Dann ass d'Gefor grouss, dass d'Feier sech séier ausbreet, dat geet bannent Minutten. Besser wier et schonn s eppes am Zëmmer ze hunn, wéi Waasser, en Eemer oder Feierläscher, wann een een huet fir direkt kënnen anzegräifen an ze läschen.

Dat muss awer alles ganz séier goen, wann een e selwer nach läsche well. Soss muss ee rapid d'Pompjeeë ruffen. Do komme mir dann och op den Dampmelder ze schwätzen
Ass jo zanter dem 1. Januar 2020 obligatoresch, ma et huet een nach Zäit en nozerëschten fir déi, déi et nach net gemaach hunn. Den Dampmelder huet natierlech de Rise Virdeel, sollt ee mol net opgepasst hunn, sollt een net do do sinn, am Zëmmer niewendrun, oder um Telefon oder soss wou, da mellt deen dat, dee schellt jo relativ haart an deen héiert een am ganze Gebai an alarméiert Iech jo an et kann ee séier intervenéiere wann nach Zäit ass.

Nach e puer Wuert zu der Aussebeliichtung...
Oppasse wann ee Beliichtung bausse mécht, datt dat och eng Liichterkette fir baussen ass an déi och waasserfest ass, déi eng Kennzeechnung huet fir am Fräien. Do soll een och keng ''Bëlleg'' Produiten huelen, mä nom CE Kennzeeche kucke fir datt se sécher sinn an iwwerpréift an näischt geschéie ka fir datt et net zu engem Kuerzschloss kënnt. Well soss kann och baussen eppes geschéien, jee nodeem wat do dernieft steet. Oder Dir kritt e Kuerzschloss an de Kabel ass bannen ugeschloss an da ka bannen awer och e Brand entstoen.

Fir datt d'Fest friddlech ass a bleift, bleift och dir virsiichteg am Ëmgang mat Käerzen an alles wat mat der Beliichtung fir déi feierlech Deeg ze dinn huet.