Sief et de risegen Chrëschtbeemchen am Akafszenter, déi sëllege Kataloge mat Kaddosiddien, déi an d'Haus flatteren, déi mol méi oder manner schéi Chrëschtdeko virun an an den Haiser sou wéi bestëmmte Lidder, déi just an dëser Zäit gespillt ginn an dat gefillten honnert Mol den Dag. Villes deit et un: Chrëschtdag steet virun der Dier. D'Nicky Soisson huet sech e puer Fakten iwwert dës besonnesch Zäit am Joer erausgesicht, déi Dir vläicht nach net sou kennt.

01/12/2021 Wat een nach alles iwwer Chrëschtdag net wousst! (Internet)

Ugefaange mat deem, elo haalt Iech un, 14-Milliounen-Euro-Chrëschtbeemchen an engem Hotel zu Marbella a Spuenien. Deen Deierste vun der Welt? Am Guinness-Buch ass dës exklusiv Kreatioun vun der Designerin Debbie Wingham bis elo mol nach net opgedaucht.

Apropos Chrëschtbeemchen: hutt Dir eng Iddi wéi héich deen Héchste vun der Welt ass? Knapp 65 Meter huet deen, deen 1950 an engem Akafszentrum zu Seattle an Amerika stoung, erreecht a gouf bis haut nach net iwwertraff. Sou steet et op mannst mol am grousse Buch vun de Rekorder.

Chrëschtzäit ass jo net nëmmen eppes fir d'Aen. Well wat wier déi besënnlech Zäit ouni Kichelcher a virun allem Stollen? Ma dee Längsten - Stolle versteet sech - vun der Welt geet un eng däitsch Firma och wann dee gutt 72 Meter laangen Koloss aus Hief an Holland gebak gouf.

Och wann een d'Gefill huet wéi wann all Joer éischter mam Chrëschtdagsgeschäft ugefaange gëtt, sou kann ee sech froe wéi et da wier, wann een dat ganzt Joer iwwer sou Liefkuchhäerzer oder aner Chrëschtdagskichelcher am Supermarché géing ze kafe kréien?

Ma anscheinend wier dat net sou de Renner - dat seet op mannst mol eng Etüd aus Däitschland bei där nëmmen 2% vun de erwuessene Leit sech dat géinge wënschen.

Wie kennt se net? Déi well traditionell Reklamme vu Coca-Cola fir Chrëschtdag? Et ginn dach wierklech Leit, déi sech froen, ob de Santa Claus oder op Däitsch de Weihnachtsmann eng Erfindung vun der bekannter Mark vum Gedrénks ass? Och wann een dës Fro muss mat engem kloren Nee beäntwerten, sou soll dee rout-wäisse Kostüm awer enger Publicitéitscampagne vun der Firma ze verdanke sinn. D'Figur vum ale Mann mam wäisse Baart gouf et an Däitschland allerdéngs well am 19. Joerhonnert. Deemools huet nach kee vu Cola geschwat.

Déi eng kënnen et all Joer knapps erwaarden, déi aner haassen et - "Last Christmas" vu Wham, aus dem Joer 1984. De Video zu dësem Hit gouf an de Schwäizer Alpen a méi genee zu Saas-Fee gedréint. U sech wollt d'Crew do mat enger Stretch-Limousin ronderëm fueren - dorausser gouf allerdéngs näischt: dat Duerf war an ass och haut nach autofräi! 

Déi meescht verkaafte Single, op mannst mol dem Guinness-Buch no bis 2012, ass awer dem Bing Crosby seng Versioun vu «White Christmas».

"I'm dreaming of a white...» Ma genee dëst bleift an eise Géigenden dacks nëmmen en Dram. Vläicht mécht och grad dat de Succès vum Lidd aus?