Mauritius war 1992 dat lescht Land, dat sech vun der englescher Monarchie als Commonwealth-Member getrennt hat. Elo wëll "Little England" och net méi dozougehéieren. Dëst ass de Spëtznumm vum Inselstaat Barbados, deen zwar schonn zanter 55 Joer keng brittesch Kolonie méi ass, mee elo dann och net méi Deel vun der Monarchie, ma eng eege Republik. Dowéinst gouf dann op hirem Nationalfeierdag, den 30. November och richteg gefeiert. Wéi dat ausgesinn huet, weess de Jeff Rossler

02/12/2021 Barbados gëtt onofhängeg (Internet)

Mat enger Parade a mat Schëss an d'Luucht gouf d'Riichterin Sandra Mason vun der Generalgouverneurin offiziell zur éischter Presidentin vu Barbados vereedegt. Schonn zanter leschtem Joer steet dëse Beschloss fest a gouf vun der barbadescher Premierministesch Mia Mottley bei der sougenannter Trounried bekannt gemaach. De Buckingham Palace hat sech mat senger Reaktioun e bëssen zeréck gehalen. Dass d'Queen net méi Chef d'État ass, sief "eng Saach vun der Regierung a vum Vollek vum Commonwealth-Staat". De Prënz Charles huet seng Mamm bei der Zeremonie awer vertrueden an huet betount, dass sech e puer Saache net ännere wäerte, wéi z.B. eng vertrauensvoll Partnerschaft, déi déi zwee Staate mateneen hunn.

Wéi vill Vertrauen do wierklech ass, ass awer a Fro ze stellen. D'Commonwealth Staate sinn eng Verbindung vu 54 Länner, déi fréier brittesch Kolonie ware. Kolonie goufe mat vill Sklaverei an Ausbeutung bedriwwen. Dowéinst war och net all Barbadier frou doriwwer, dass de Prënz Charles bei der Feier war oder dass de Staat ëmmer nach "Little England" genannt gëtt. De britteschen Trounfollger betount a senger Ried dofir och, dass d'Sklaverei eng grausam Dot war, déi an der Geschicht en décke Schied hannerléisst. Virun 394 Joer koumen déi éischt Englänner op Barbados. Am Buch vum barbadeschen Historiker Hilary Beckels «The First Black Slave Society: Britain's "barbarity Time", dat 2016 erauskoum, gëtt d'Insel tëscht 1636 an 1876 als «déi systematesch gewaltvollst, brutalst a rassistesch onmenschlechst Gesellschaft vun der Neizäit» beschriwwen.

Dass et eng gewëss Ofneigung géintiwwer vu Groussbritannien gëtt ass och näischt Neies, sou gouf d'Statu vum britteschen Admirol Horatio Nelson d'lescht Joer bei Protester géint Rassismus a Kolonialismus no 200 Joer an der Haaptstad Bridgetown op de Plaz vun den Nationalhelde wech geholl. Richteg Helde sollen do geéiert ginn an dat hat d'Presidentin Mason dann och gemaach: D'Barbadierin Rihanna war bei der Zeremonie derbäi a gehéiert elo zum Uerde vun den Nationalhelden, well d'Sängerin och als besonnesch Ambassadrice fir den Inselstaat aktiv ass.

Barbados wäert awer ëmmer nach Deel vum Commonwealth bleiwe, mee ass elo de 15. Staat, mat eegenem Chef d'État.