Dass et am Wanter kal ass, ass natierlech normal a mam Mythos, dass et Fraen éischter kal gëtt ewéi Männer ass och schonn opgeraumt. Do wësse mer nämlech, dass dat definitiv stëmmt an eppes mat méi oder manner Muskelmass ze dinn huet. Ma wéi ass et mat anere Behaaptungen, déi een dacks alt esou dorëmmer héiert? D'Michèle Schons raumt mat de Mythen iwwert d'Keelt op.

02/12/2021 Mythen iwwert d'Keelt

Wann et kal dobaussen ass, sinn d'Autosfuerer méi aggressiv

Stëmmt! Wiem et beim Autofuere kal ass, dee passt net esou gutt op, ass méi sträitsüchteg an aggressiv drop. Dat hunn amerikanesch Psychologen nogewisen. Et gëtt awer en einfachen Trick deen hëlleft: d'Heizung umaachen, well et geet net ëm d'Keelt dobaussen, ma dobannen. Wichteg ass och d'Jackett beim Autofueren ausdoen, egal wéi kal et ass.

Déi meescht Hëtzt verléiert een iwwer de Kapp

Falsch! Eng Mutz undoen ass natierlech ëmmer gutt wann et dobausse kal ass, et ass awer e Märchen dass een iwwert de Kapp méi Hëtzt verléiert wéi iwwert de Rescht vum Kierper.

RTL

© pixabay

Wat et méi kal ass, wat ee méi Honger huet

Stëmmt! De Kierper brauch Energie, schonn eleng fir d'Kierpertemperatur oprecht z'erhalen, dat ass am Wanter natierlech méi ustrengend wéi am Summer a fir d'Energie ze hale fuerdert de Kierper Nahrung fir Wanter Reserve fir haart Zäiten. Och wann d'Zäiten haut net méi wierklech esou haart sinn.

Laache wiermt

Stëmmt! Scho 40 Sekonne laachen wiermt esou wéi wann ee 6 Minutten jogge war. Och hu Wëssenschaftler erausfonnt, dass wie laacht, kal Temperaturen duebel esou laang aushält wéi een dee schlecht gelaunt ënnerwee ass. Gléckshormoner gläichen d'Péng vun der Keelt aus a laache stäerkt och den Immunsystem a mécht eis méi resistent géint Viren a Bakterien.

Wann et kal ass, erkaalt een sech méi séier

Stëmmt e bësschen! Eng Erkältung kënnt awer t'éischt mol net vun der Keelt ma vu Viren an heiansdo och vu Bakterien. Wann een awer laang dobaussen ass an de Kierper staark ofkillt, da kann den Immunsystem drënner leiden an ass méi ufälleg. Allerdéngs ass den Ausléiser net d'Keelt.

Sauna hëlleft géint Erkältung

Och net ganz esou richteg. Wann ee schonn erkaalt ass, da strapazéiert Hëtzt de Kierper a Kreeslaf, wie krank ass gehéiert net an d'Sauna. Als Preventioun fir den Immunsystem ze stäerken dogéint ass Sauna wonnerbar an nëmmen ze recommandéieren.

RTL

© pixabay

Alkohol wiermt

Falsch! Wann een Alkohol drénkt, ginn d'Bluttgefässer déi direkt ënnert der Haut leien, méi weit an dat bewierkt t'éischt mol dass een sech méi waarm fillt. Dat Gefill vergeet awer séier an de Kierper gëtt d'Hëtzt och séier of esou dass den Alkohol ënnert dem Stréch méi killt wéi e kuerzzäiteg wierkt.

Sport an der Keelt verbrennt méi Kalorien

Falsch! De Kierper verbrauch, esoubal en a Beweegung ass ëmmer t'selwecht Kalorien, Keelt verbrennt just da méi, wann een ufänkt mat zidderen an d'Muskelen doduerch zousätzlech beweegt ginn. Doktere warnen esouguer fir fréi moies an der äiseger Keelt Sport ze maachen well déi kal Loft den Organismus iwwerlaaschte kann. Bei Minus 10 Grad also léiwer d'Trainingssessioun verréckelen.  

Schaarf Gewierzer wiermen

Stëmmt! Et gëtt e puer Gewierzer déi tatsächlech de Kierper opwiermen. De sougenannte Capsaicin aktivéiert d'Hëtztrezeptoren a reegen d'Duerchbluddung un. Beispill: Ingwer, Peffer oder Chilli.

RTL

© pixabay